Radioen

On air

One World  |  Desert Blues

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Oppositioun reagéiert op de Logementsdësch

Logement

D'Oppositioun reagéiert op de Logementsdësch

Gëschter um Donneschdeg huet zu Senneng am Schlass de Logementsdësch stattfonnt. Haapttheeme waren de Wunnengsproblem an déi aktuell Kris am Bausecteur. No der Reunioun hunn déi eenzel Oppositiounsparteien op déi verschidde Mesuren, mee awer och op d'Format vun esou engem Logementsdësch selwer, reagéiert.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Logementsdesch | © SIP / Claude Piscitelli play_arrow
Foto: SIP / Claude Piscitelli

Déi fréier gréng Ëmweltministerin Joëlle Welfring reagéiert op d’Aussoe vum Premier Luc Frieden, datt een Ëmweltoplagen am Bau wéilt iwwerpréiwen an dem europäesche Recht méi no bréngen. Dat wier an de leschten 10 Joer scho gemaach ginn, betount d’Joëlle Welfring.

Moossnamen, déi et scho gouf

Déi Direktiven, ëm déi et geet, stamen aus de Joren 1979 an 1992. Bannent deene leschten zéng Joer wier scho Villes ënnerholl gi fir déi Geneemegungsprozeduren ze vereinfachen, betount déi fréier gréng Ëmweltministerin an aktuell Deputéiert Joëlle Welfring.

“Ech mengen, datt elo scho vill Aarbecht dodra gestach ginn ass a wichteg ass, datt een do net den Naturschutz komplett verwässert an et ass wierklech wichteg fir eis, datt een de Schutz vun eise Ressourcen do net komplett opgëtt.“

An a punkto Simplification administrative goufen et schonn an der Vergaangenheet Moossnamen, mee dat wier net esou einfach betount den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten.

“Ech erënnere mech nach un d'Omnibus-Gesetz vun 2017, wou mir ebe just eng ganz Partie Prozedure vereinbaart haten a méi séier gemaach hunn, mee dat ass Alles net grad sou einfach, well do geet et jo ëm ganz Villes. Do geet et och ëm d'Rechter vun anere Leit.“

Just eng "petite réunion entre copains"?

An de Reaktioune vun den Oppositiounsparteien an der Chamber gouf et Kriticken iwwert d’Form vun där Reunioun, well do vill Leit gefeelt hätten. wéi den David Wagner vun déi Lénk erkläert.

"D'Gewerkschafte waren net dobäi, déi vertrieden awer déi Läit, déi an der Baubranche schaffen. D’Salariéë waren net derbäi, de Mieterschutz ass net ageluede ginn. Dat heescht, dat war just eng 'petite réunion entre copains'."

Méi séier bauen ass een Zil, mee eigentlech geet et ëm eppes aneschters betount, d’ADR-Deputéiert Alexandra Schoos.

“Dat ass schéin, datt da méi um Marché disponibel ass. De Problem ass, d'Leit musse sech dat och nach leeschte kënnen an dat heescht och, datt wa mir Wunnengen oder d'Haiser do stoen hunn, wann se sech déi net kënne leeschten, dann hu mir nach keen ënnerdaach bruecht.“

D'Pirate schwätze vun engem Täschentrick

Den Marc Goergen vun der Piratepartei stellt sech Froen zu den annoncéierte Moossnamen, nämlech d’Opkafe vu fäerdege Bauprojeten. Dëst Joer ass do ee Budget vun 100 Millioune virgesinn.

“Et weess een, datt si lo kënnen do een Täschentrick maachen an alles eenzel kafen. Da géingen déi 100 Milliounen opgespléckt ginn, da musse se net iwwert d’Chamber fueren, mee dat ass net dat, wat mir eis als Piraten ënnert Demokratie kënne virstellen.”

D’Chamber muss nämlech bei Projete mat engem Budget vun iwwer 60 Milliounen iwwer Gesetz consultéiert ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik