Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bauprozedure solle vereinfacht ginn - Och méi dicht an héich soll kënne gebaut ginn

Logementsdësch

Bauprozedure solle vereinfacht ginn - Och méi dicht an héich soll kënne gebaut ginn

D’Regierung wëll d’Bauprozeduren op ville Niveaue vereinfachen, dorënner d’Ëmweltoplagen am Bauperimeter. Do misst ee kucken, wéi déi kënnen “ajustéiert” ginn, esou de Premier Luc Frieden no der Logementsreunioun am Schlass zu Senneng.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: SIP / Claude Piscitelli

Viru ronn dräi Wochen hat d‘Regierung schonn e Pak vu steierleche Mesuren annoncéiert, fir de Wunnengsbau duerch Investissementer ze stimuléieren, a verschidden Hëllefe beim Kaf oder der Locatioun vu Wunnengen ze verbesseren. Do wier de Gesetzprojet deposéiert, d‘Regierung waart op den Avis vum Staatsrot an hofft, datt dee Projet ronderëm Ouschteren duerch d'Chamber kéint goen, erkläert de Luc Frieden.

Upasse vun Ëmweltoplage fir vereinfacht Bau-Prozeduren

Bei der Logements-Reunioun zu Senneng, tëscht Regierung a Vetrieder vu Gemengen, Bau, Architekten a Banken, wier eng weider wichteg Decisioun geholl ginn. Nämlech, fir eng Vereinfachung vun de Bau-Prozedure séier virun ze dreiwen. Dorënner en „Ajustement“ vun Ëmwelt- a Naturschutz-Prozeduren. 

Et wéilt een zwar "Hecken an aner Saachen, déi d‘Natur produzéiert, entstoe loossen", erkläert de Premier. E Biotop soll awer net verhënneren, datt een d'Recht kritt ze bauen.

"Mir wëllen also d‘Proportionalitéit vun eisen Ëmweltreegele par Rapport zum Wunnengsbau iwwerkucken, an och kucken, ob mer a verschidde Gesetzer net méi wäit ginn ewéi europäesch Direktive, wat eis heiansdo schéngt de Fall ze sinn. Mir wäerten also d‘Naturschutzreegelen an deem Beräich iwwerpréiwen an se op de Niveau vun der EU Direktiv ajustéieren."

Aarbechtsgruppen, déi Enn Mee solle fäerdeg ginn

En Aarbechtsgrupp fir d‘Vereinfachung vun de Prozedure soll elo séier op dësen an aner Punkte schaffen. Déi relevant Ministèren, dorënner dee fir Ëmwelt, sinn do dra vertrueden, grad ewéi d‘Gemengen a Vetrieder aus de private Bau an Handwierkssecteur. D'Aarbechte sollte spéitstens Enn Mee fäerdeg ginn.

Bis dohi sollen och déi dräi Ministere fir de Logement, de Bau an d‘Finanzen, bilateral Gespréicher an hire Secteure féieren, de Logementsminister Claude Meisch soll zum Beispill kucken, wei een am Logement abordabel Pilotprojete fir PPPen, also Public Privat Partnerships, ka maachen.

Bis Enn Mee, Juni wier also nach genuch ze dinn, fir d'Ministèren an d'Aarbechtsgruppen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik