Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Knight Moves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Ausbléck op de Logementsdësch

Logement

Een Ausbléck op de Logementsdësch

Haut um Donneschdeg ass zu Senneng de Logementsdësch, op deem d’Regierung mat alle Bedeelegten iwwer de Wunnengsproblem an déi aktuell Kris am Bausecteur wëll schwätzen. An de leschte Woche sinn d’Preparatioune fir dës Reunioun gelaf, mat sektorielle Gespréicher mat deene verschidden Acteuren um Terrain. De Jacques Ganser geheit fir eis de Bléck op den Dag vun haut.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Serge Kesseler play_arrow
Am Schlass zu Senneng wäert de Logementsdësch stattfannen.

De Staat huet Vertrieder vun de Gemengen, dem Bauhandwierk an de Banken, déi Hypothéikekreditter ausstellen, op Senneng invitéiert. Zil vum Logementsdësch wier et, ze kucken, wéi d’Moossnamen, déi am Koalitiounsaccord stinn, konkret kënnen ëmgesat ginn. Dat kéint d’Regierung net am Elenggang maachen, hat de Premier Luc Frieden am Dezember op eiser Antenne betount. Dofir bräicht et d’Zesummenaarbecht mat de Gemengen a mat den Handwierksbetriber.

"Do schaffen Dausende vu Leit an ech hätt gären, datt déi Leit an der Aarbecht bleiwen. Mir hunn e Wunnengsproblem a mir bauen net genuch. Also musse mir kucken, datt dat mateneen otemt. An dat ass de But vun där Logementsreunioun. Dat ass net eng Reunioun, wou nach jiddwereen zousätzlech Fuerderunge soll bréngen. Mir wëlle lo mol déi Decisiounen, déi mir geholl hunn zu Senneng beim Koalitiounsaccord ëmsetzen."

Wat kann ee sech erwaarden?

Een éischte Mesurëpäck, virun allem steierlecher Natur, haten déi zoustänneg Ministere jo schonn Ufank des Mounts annoncéiert, mat Aidë fir de Bausecteur a fir Leit, déi wëlle lounen oder eng Wunneng kafen. Wat ass sech also nach vun der Reunioun haut ze erwaarden? Dozou dee President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen, Roland Kuhn.

"Ech mengen, mir hunn eis ganz ganz gutt virbereet am Kader vun der UEL. Mir hunn eng ganz Lëscht vu Revendicatiounen, wou ech elo awer net am Detail wëll drop agoen, déi mir dann awer do presentéieren. Ech mengen, déi Leit, déi do ronderëm den Dësch sinn an och eis Regierung, déi lo dann do ass. Ech mengen, wa mir dat elo zesumme beschwätzen a kucken, wéi wäit mir kënne goen, et ass jo schonn een éischte Schratt gemaach ginn, dee positiv ass. Vläit muss och nach e bëssen nogebessert ginn."

De Staat wëllt sech jo méi staark an de Marché amëschen, méi Wunnengen a Projete kafen, mam Zil fir e grousse Park un ëffentleche Locatiounswunnengen opzebauen. Ënnert anerem ass am Regierungsprogramm och d’Kreatioun vun enger neier Agence virgesinn, fir d’Verwaltung an Attributioun vun dëse Wunnengen ze zentraliséieren.

De Mieterschutz ass net invitéiert

Eng Agence, un déi och d’Gemengen sech kéinten adresséieren. De kommunale Secteur soll da beim Bau vun abordabelem Wunnraum vun der ëffentlecher Hand méi staark ënnerstëtzt ginn, grad wéi d’Bauentreprisen.

Am Koalitiounsprogramm gëtt d’CSV-DP-Regierung sech och d’Ambitioun, fir d’Geneemegungsprozeduren ze vereinfachen a beschleunegen.

Associatiounen, déi d’Säit vun de Locatairen oder zukünfteg Keefer vertrieden, sinn allefalls Stand Donneschdegmoie keng op de Logementsdësch invitéiert ginn. De President vum Mieterschutz Jean-Michel Campanella hat sech viru genee enger Woch op eiser Antenne enttäuscht doriwwer gewisen. Et wier schued, wann déi nei Regierung net alleguerten d’Acteuren aus dem Secteur géif ëm een Dësch versammelen.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Logement
Politik