Parallel ginn et Finanzhëllefe fir d‘Ewechmaache vun den Näschter op Privatterrainen, déi gi vu 50 bis maximal 300 Euro. Dës Aarbechte mussen awer vun enger zertifiéierte Firma duerchgefouert ginn.
Et misst och opgepasst ginn, datt just déi asiatesch Runn, a keng aner Aarte bekämpft ginn.
Verdächteg Näschter kënnen der Naturverwaltung per Mail gemellt ginn. De ganze Programm soll dozou bäidroen, d‘Biodiversitéit zu Lëtzebuerg ze erhalen.