arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Urgenceplang fir d'Ausbreede vun der asiatescher Runn ze bremsen

Ëmweltministère

|
reading time

1 min

Urgenceplang fir d'Ausbreede vun der asiatescher Runn ze bremsen

D'Insekte selwer sinn net direkt geféierlech fir de Mënsch, si sinn awer e Problem fir d'Beien an aner Insekten. Prioritär sollen Näschter vun der asiatescher Runn am Fréijoer zerstéiert ginn, fir den Opbau vun neie Kolonien ze verhënneren.

reading time

1 min

Een Nascht vun asiatesche Runnen | © EPA/JUNA HERRERO
Een Nascht vun asiatesche Runnen (Foto: EPA/JUNA HERRERO)

Parallel ginn et Finanzhëllefe fir d‘Ewechmaache vun den Näschter op Privatterrainen, déi gi vu 50 bis maximal 300 Euro. Dës Aarbechte mussen awer vun enger zertifiéierte Firma duerchgefouert ginn.

Et misst och opgepasst ginn, datt just déi asiatesch Runn, a keng aner Aarte bekämpft ginn.

Verdächteg Näschter kënnen der Naturverwaltung per Mail gemellt ginn. De ganze Programm soll dozou bäidroen, d‘Biodiversitéit zu Lëtzebuerg ze erhalen.