Radioen

On air

Notturno  |  Kim Myhr & Kitchen Orchestra - VI

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Unzuel u Covid-Infektiounen net mat zejoert ze vergläichen

COVID-19

Unzuel u Covid-Infektiounen net mat zejoert ze vergläichen

An de leschte Wochen ass d'zuel vun den Infizéierunge geklommen. Dat wier net ze vergläiche mat den Zuelen vu leschtem Wanter, seet d'Santésdirektioun. Eng Variant vum Omikron dominéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Am Allgemenge gëtt nëmmen nach seelen op Covid getest, den Echantillon ass deemno geréng. Bei der Sequenzéierung koum awer kloer eraus datt d'Eris Variant, oder Ënner-Varianten dovunner, dominéiert, erkläert de Joel Mossong vun der Santésdirektioun.

"An de Sequenzéierunge vun den Echantillonen, déi am August realiséiert goufen huet sech näischt geännert. Et ass nach kee Fall vun där neier Variant BA2.86 zu Lëtzebuerg detektéiert ginn."

Net vill Fäll vu BA2.86

Déi Variant staamt och vum Omikron an ass relativ dacks mutéiert. De Claude Muller betount, datt et net genuch Fäll vun dëser Variant ginn, fir eppes iwwer d'Infektionsitéit oder de Krankheetsverlaf vun der Variant ze soen.

"Et ginn awer och keng Unzeechen dofir datt se ee méi schlëmme Krankheetsverlaf géif maachen, an och dass déi bivalent Impfung, déi vill Leit kruten, datt déi net méi ugepasst wier."

Avis vum Conseil Superieur ofwaarden

An a punkto ugepassten Impfung, do waart d'Santésdirektioun op den Avis vum Conseil Supérieur, erkläert de Joël Mossong. Dee misst och geschwënn erauskommen.

Am Fall wou de Conseil Supérieur géif recommandéieren sech mat deem ugepasste Vaccin impfen ze loossen, wieren déi Dossiere séier disponibel, esou de Joel Mossong.