Long Covid ass mëttlerweil fir déi meeschte Leit keen Theema méi. Fir de Charles Benoy ass Long Covid awer Alldag. Hie schafft als Psycholog a Psychotherapeut an der Rehaklinik zu Ettelbréck (CHNP) a betreit do all Dag Patiente mat Long Covid.
Och zwee Joer no der Pandemie kommen ëmmer nach nei Patienten dobäi. Ronn 20 nei Patiente pro Mount* géif een am CHNP betreien.
Staark stigmatiséiert
Vu Long Covid gëtt geschwat, wann d’Symptomer méi wéi dräi Méint bestinn. Zu de Symptomer zielen ënner anerem Middegkeet, Konzentratiounsprobleemer, Gediechtnesprobleemer, Häerzklappen, Schwindel a dee sougenannte “Brainfog”.
Am CHNP këmmert sech de Charles Benoy virun allem ëm déi mental Konsequenzen, déi esou eng chronesch Erkrankung mat sech bréngt. Och Patiente mat traumatesche Belaaschtungen op Grond vun der Pandemie kommen dohin.
Long Covid ass eng onsiichtbar Krankheet an domat staark stigmatiséiert an eiser Gesellschaft. D’Symptomer sinn net ëmmer offensichtlech an esou kann et och virkommen, datt den Hausdokter net direkt déi richteg Diagnose stellt.
Webapplikatioun als Ënnerstëtzung
De Statistiken no wieren et virun allem Fraen, déi méi ufälleg fir Long Covid sinn. De Charles Benoy erkläert awer, datt déi Erkenntnisser mat Virsiicht ze betruechte sinn, well do vill Faktoren net berücksichtegt géife ginn.
D’Verhale vum Long Covid ass net nei. Et änelt dem post infectious fatigue syndrome vun aneren Infektiounskrankheeten. Long Covid ass och net direkt heelbar. Et ginn awer Studien, déi beleeën, datt 40 Prozent vun de Patienten no zwee Joer symptomfräi sinn. Déi Leit gëllen dann als “geheelt”. Weidere 40 Prozent geet et no der Zäit däitlech besser, an 20 Prozent si weiderhi richteg krank bis Bettlägeregkeet.
Fir d’Patiente mat Long Covid ze ënnerstëtzen, gouf elo eng Webapplikatioun "Long Covid Companion" entwéckelt. Iwwert déi Applikatioun kënne Patienten hir Symptomer an hir Traitementer festhalen an esou de Verlaf vun der Erkrankung genee suivéieren. Iwwerdeems kënnen déi festgehalen Donnéeën als PDF un den Dokter weidergeleet ginn.
Patiente zefridde mat der Applikatioun
D’Aurélie Fischer vum LIH betount, datt et eng Webapplikatioun a keng App ass. Et gëtt se also net wéi gewinnt am Appstore, mee et kann een iwwert een Internetsite drop zeréckgräifen. Dat wier esou gemaach ginn, fir datt ee souwuel vum Computer, vum Tablet a vum Handy Zougrëff drop huet.
Fir de Moment géifen et ronn 700 Benotzerinnen a Benotzer ginn. D’Majoritéit dovun aus Frankräich. D’Applikatioun gouf a Zesummenaarbecht mat der franséischer Associatioun '#apresJ20 Long Covid France' gegrënnt an och als éischt a Frankräich lancéiert. Zënter e puer Woche gëtt et d’App dann awer och a Lëtzebuerg. Ronn 20 lëtzebuergesch Benotzerinnen a Benotzer si registréiert.
De Charles Benoy bericht dovu, datt seng Patiente bis ewell ganz positiv vun der Applikatioun geschwat hätten an si frou iwwer d’Hëllef, déi d’App hinne bitt, wieren.
*Am Interview sot de Charel Benoy, d’Zuele wiere pro Joer gekuckt. Op Nofro hin huet hie confirméiert, datt et sech ëm d’Nei-Patiente pro Mount handelt.