Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Hotelsschoul produzéiert Iesse fir d'NASA

Innovative Projet

D'Hotelsschoul produzéiert Iesse fir d'NASA

Am fréien Hierscht ass an der Hotels- an Tourismus-Schoul zu Dikrech eng Email vun der NASA ukomm. Jo, vun där NASA. Kee Spam also, mee eng Invitatioun fir bei engem Concours matzemaachen, deen déi us-amerikanesch Weltraumagence ausgeschriwwen hat. Et geet salopp gesot ëm Fudder fir d’Astronauten op der ISS.

auto_stories

3 min

headphones

19 min

Maurice Molitor | © Vlnr: Michel Lanners (Direkter), Chresten Thorsen, Sarah Nockels, Aziza Boukha (Nutritionnistin) play_arrow
Vlnr: Michel Lanners (Direkter), Chresten Thorsen, Sarah Nockels, Aziza Boukha (Nutritionnistin) (Foto: Maurice Molitor)

D’NASA huet eng ganz Rei Schoulen ugeschriwwen an deenen ee professionellt Kachen op héijem Niveau léiere kann. Déi us-amerikanesch Weltraumagence freet dora fir emol kreativ ze ginn a sech zwee Rezepter fir Moies-Moolzechte mat Geméis afalen ze loossen, déi vläicht enges Daags 408 Kilometer iwwer eis giess ginn.

Hien hätt direkt mat e puer Leit a mat senger Direktioun doriwwer geschwat an dunn ass relativ séier d'Decisioun geholl gi fir matzemaachen, seet den Alain Hostert, heen ass Chef vum gastronomeschen Departement an der Dikrecher Hotelsschoul.

Nodeems ee motivéiert Schüler fonnt huet ass et dunn och scho lass gaangen. Den éischte Moment wier si "immens iwwerwältegt" gewiescht, seet d'Sarah Nockels, déi beim Projet matmécht. Si an de Chresten Thorsen si Schüler am BTS "hospitality management" an der Dikrecher Hotelsschoul, dee sech op d'Beräicher Hotellerie, Restauratioun an Tourismus bezitt.

Dat richtegt Iesse fir de Weltraum

D'Aziza Boukha seet vu sech selwer, datt si Nutritionistin ass fir Iessen hei op der Welt, mee d'NASA hätt ganz vill Material matgeschéckt, mat deem si sech hätt kënne weiderbilde fir Platen ze entwéckelen, déi Astronauten am Weltall déi richteg Zesummesetzung vun de wichtegen Närstoffer bidden. D'NASA huet och d'Virgab gemaach, datt eng salzeg Moolzecht fir Moies sollt preparéiert ginn. Zesumme mat Käch a Schüler aus der Schoul hätt ee sech dunn op d'Sich no de richtege Liewensmëttel gemaach fir dëse Krittäre gerecht ze ginn a sënnvoll Moolzechten zesummen ze stellen. Eng NASA-Virgab war zum Beispill, datt huet missten ee Geméis dra sinn, seet den Alain Hostert.

"Do uewen an der Schwerelosegkeet dierf d'Iessen zum Beispill och net grimmelen. Dono fält d'Raumstatioun nach erof, well eng Grimmel sech am Computer verheddert huet."

Och d‘Halbarkeet vum Iesse wier en Theema gewiescht. Muss een d'Iessen dréchenen oder salze beispillsweis. Schlussendlech hätt ee sech entscheet d'Iesse sous-vide ze zéie fir et maximal laang halbar ze maachen.

Zesummenaarbecht tëscht BTS an Hotelsschüler

Dobäi hätten d'BTS-Schüler den Deel vun der Recherche iwwerholl an déi klassesch Hotelsschüler hu sech ëm de méi prakteschen Deel gekëmmert, seet de Chresten Thorsen.

"Mir hunn eis an dräi Gruppen opgedeelt. Déi eng Grupp war zoustänneg fir d'Recherche: Spezifesch, wéi de Kierper affektéiert gëtt duerch déi Schwerelosegkeet. Déi aner Grupp ware responsabel fir d'Konzept a fir de Video deen een der NASA huet misste schécken. Den drëtte Grupp dunn huet sech ëm d'Redaktioun fir vum Dossier gekëmmert."

Am Weltall iessen ouni richteg ze schmaachen

Am Weltraum schmaacht een näischt, ass et dofir net e bësse schued sech sou vill Aarbecht ze maachen? Nee, seet den Alain Hostert: d'Astronaute géifen d'Iessen hei op der Äerd probéieren, sech hir Menüen zesummesetzen an dann an der Weltraumstatioun dat Iessen zerwéiert kréien. Dat Ganzt fonctionéiert iwwer Erënnerungen.

"Et ass wéi wann ech fréier e Kichelche vu menger Mamm giess hunn, dann hunn ech eng Erënnerung. Hei ass et dat selwecht, si bauen Erënnerungen op a wa si dat do uewen ze iesse kréien, wësse si no wat et schmaache soll."

Elo hoffen déi Dikrecher natierlech, datt se d’NASA iwwerzeegt kréien.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Ernärung
Gesondheet
Wëssenschaft