Bei ADHS handelt et sech ëm eng Beanträchtegung vun der Opmierksamkeet an der Konzentratioun, seet de Kannerpsychiater Alexander Marcus. Dacks gëtt déi duerch eng héich Impulsivitéit begleet. Fréier wier de Feeler gemaach ginn, datt Hyperaktivitéit als Kardinalsymptom vun ADHS consideréiert gi wier.
Et ginn dräi verschidde Forme vun ADHS: Déi Hyperaktiv, d’Dreemer a Kombinatioune vun deenen zwee. Fréier wier d’Krankheet och bei ville Leit net erkannt ginn, sou den Alexander Marcus, President vun der 'Treffpunkt ADHS' ASBL.
Net méi Diagnose wéi fréier
Haut gi méi Leit mat ADHS diagnostizéiert, an et gëtt ee groussen Nohuelbedarf, seet d’Cathy Mangen. Si ass Direktesch vum SCAP, dem Service de Consultation et d’Aide pour troubles de l’Attention, de la Perception et du Développement Psychomoteur. Vill Erwuessener géifen och elo eréischt hir Diagnos kréien. Dobäi géif d‘Krankheet haut net méi dacks optriede wéi fréier, seet den Alexander Marcus.
„… dass die Häufigkeitsraten im Prinzip nicht zunehemen, aber die Erwartungen und Anforderungen der Gesellschaft und die neuen Medien starke Herausforderungen für die Kinder darstellen.“
D’Fréierkennung vun der Krankheet wier wichteg fir de Concernéierten hir Liewensqualitéit ze garantéieren. Betraffe Kanner missten och ee klore Kader mat klore Reegelen a Grenze gesat kréien. D’Schoul spillt an deem Sënn eng wichteg Roll. Et gi verschidden Techniken, déi d’Inklusioun vu betraffene Kanner an der Schoul vereinfachen, sou de Kannerpsychiater. Dofir misst een dem Enseignant déi néideg Ressourcë mat op de Wee ginn, seet d‘Cathy Mangen. Si bedauert awer, datt een net genuch Personal hätt, fir de Besoinen an dem Leidensdrock gerecht ze ginn.
Leit mat ADHS bleiwen dacks ënnert hirem Potential
Déi fréi Erkennung vun ADHS ass iwwerdeems net nëmmen aus perséinlechen, mee och aus gesellschaftleche Grënn wichteg. Et besteet nämlech de Risiko, datt Betraffener am Jugendalter mat engem Mangel u Selbstwäertgefill ze kämpfen hunn.
Dat ka sech a Form vu Selbstmedikatioun, also dem Konsuméiere vu Substanzen, oder Delinquenz ausdrécken. ADHS wier och net gläichzesetze mat engem nidderegen Intelligenzquotient, sou de Psychiater. Dobäi schwätzt d’Cathy Mangen vun "verpasste Chancen’’, well déi Concernéiert dacks ënnert hirem Potential géife bleiwen.