Radioen

On air

Notturno  |  Why Bonnie - Healthy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Um ekonomesche Plang brauch een eng Trump-Wal net ze fäerten"

American Chamber of Commerce zu Lëtzebuerg

"Um ekonomesche Plang brauch een eng Trump-Wal net ze fäerten"

Beim Walkampf ëm d’Presidentenamt tëschent der Kamala Harris an dem Donald Trump huet besonnesch d’Wirtschaft eng grouss Roll gespillt. Mir hu mam Paul Schonenberg, President vun der American Chamber of Commerce in Luxembourg, iwwer déi ekonomesch Pläng vun de béide Kandidate geschwat a wat déi fir d’Relatioune mat Lëtzebuerg bedeite kéinten.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Paul Schonenberg, President vun der American Chamber of Commerce in Luxembourg. (Foto: Chris Zeien)

De Paul Schonenberg ass sech sécher: Um ekonomesche Plang bréicht een näischt ze fäerten, sollt den Donald Trump nees zum US-President gewielt ginn, sou de President vun der American Chamber of Commerce zu Lëtzebuerg. Dëst ass eng ASBL, déi auslännesch, national an och vill amerikanesch Entreprisen ënnerstëtzt.

Paul Schonenberg: Europa muss seh keng Suerge maachen

Den Donald Trump wéisst ëm déi staark Verbonnenheet tëschent den USA an Europa a géif déi net torpedéieren, och wann hie vu méiglechen Douanestaxe géif schwätzen, sou de Paul Schonenberg.

"Ech denken, datt wann hien iwwer Tariffer schwätzt, hie sech éischter op Regiounen op der Welt wäert beschränken, déi keng sou gutt bilateral Bezéiunge mat den USA hunn. Dës kéint China betreffen, an och südamerikanesch Firmen, asiatescher an den Noen Osten."

Donieft betount de Paul Schonenberg - wéi et senger Roll entsprécht - och nach déi staark Relatioun, net nëmmen tëschent den USA an Europa, mee och tëschent Amerika a spezifesch Lëtzebuerg.

"Lëtzebuerg ass eng ideal Plaz fir international amerikanesch Firmen, déi vun hei aus schaffen a Geschäfter mam Rescht vun Europa maache wëllen. Et gëtt also säit laangem eng staark amerikanesch Gemeinschaft hei, an eng ganz staark Relatioun tëschent Lëtzebuerg an Amerika am Laf vun de Joren."

Ënnerschiddlech Philosophien

Och wann d’Theema Wirtschaft ëmmer rëm am US-Walkampf virkomm ass, wat waren d’ Haaptideeë vun deenen zwee Presidentschaftskandidate fir eng gutt Ekonomie? Op där enger Säit huet een den Donald Trump, dee sech als Businessman een Numm gemaach huet. Op där anerer Säit d’Kamala Harris, déi virun allem als Procureure vu Kalifornie bekannt gouf. Wie wou bei ekonomesche Froen usetzt, erkläert eis de Paul Schonenberg, ugefaang mam Donald Trump.

"Aus sengem Point de vue brauchs de eng staark Wirtschaft fir eng staark Gesellschaft ze hunn, fir deene Leit ze hëllefen, deenen et net sou gutt geet. An Amerika muss een eng staark Wiertschaft, déi gutt Profitter mécht, hunn, fir dass ee Geld huet fir deenen ze hëllefen, déi Hëllef brauchen."

D’Kamala Harris wier méi u sozialpolitesche Froen intresséiert, a si hätt kee sou e staarken ekonomeschen Hannergrond, mengt de Paul Schonenberg.

"Si huet wëlles Steiere fir déi Räich eropzesetzen an dëst Geld deenen Aarmen ze ginn. A si schwätzt iwwer sozial Problemer a sou Saachen, mee huet nach net vill iwwer hir Ekonomiesagenda geschwat."

Wat ass de Wieler:inne méi wichteg?

Fir Lëtzebuerg rechent de Paul Schonenberg also net mat groussen Auswierkungen um ekonomesche Plang, egal wéi d’Presidentschaftswal ausgeet.

"Et ass schwéier ze soen, wat d’ Kamala Harris plange géif, wat gutt fir déi bilateral Handelsbezéiungen tëschent Europa an Amerika wier, well si net driwwer geschwat huet."

Eppes ass kloer: D’Wal gëtt enk. Fir de Paul Schonenberg vun der American Chamber of Commerce kënnt et op d’Schwéierpunkten un, déi d’Wieler setze wäerten.

"D’Republikaner probéieren d’Ekonomie zum Haapttheema ze maachen an dat ass e staarkt Argument. A wann d’Wieler domat d’accord sinn, da stinn d’Chancen héich, dass den Donald Trump erëmgewielt gëtt. Wa si sech allerdéngs méi Suergen ëm sozial Problemer maachen, an et se net stéiert, dass et hinne finanziell vläicht net sou gutt geet wéi virdrun, da mengen ech, dass d’Madame Harris déi besser Chancen huet."

De leschte Walbüro mécht e Mëttwoch de Moien um 7 Auer eiser Zäit zu Alaska zou. Bei sou enger enker Wal, wéi déi heite wuel wäert ginn, kéint et e bëssen daueren, bis offiziell Resultater presentéiert ginn. Bei der Wal vum Joe Biden 2020 huet et 4 Deeg gedauert bis hien offiziell als Gewënner vun der Wal bestätegt gouf.

Lauschterenplay_arrow