Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elon Musk mat finanzieller Ënnerstëtzung fir den Donald Trump

US-Walkampf

Elon Musk mat finanzieller Ënnerstëtzung fir den Donald Trump

De Multimilliardär an Entrepreneur Elon Musk ënnerstëtzt de republikaneschen US-Presidentschaftskandidat elo och finanziell. Den Tesla-Chef soll bannent dräi Méint 75 Milliounen US-Dollar an déi vum him gegrënnten Organisatioun "America Pac“ investéiert hunn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

Dëse sougenannten "Political Action Committee“ sammelt Spende vun Eenzelpersounen an och Entreprisë fir Walcampagnen ze ënnersetetzen.

Den Elon Musk huet sech kierzlech och ëffentlech als wichtege Supporter fir den Donald Trump positionéiert. Dat zum Beispill beim Walkampfevenement am US-Staat Pennsylvania.