arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrainkrich: Jean-Claude Juncker fuerdert méi Zesummenhalt innerhalb vun der EU

Europa

|
headphones

1 min

Ukrainkrich: Jean-Claude Juncker fuerdert méi Zesummenhalt innerhalb vun der EU

De Jean-Claude Juncker huet an engem Interview e kloert Mandat fir méiglech Gespréicher tëschent der EU a Russland gefuerdert. Dem Deutschlandfunk sot de fréiere Premier, Europa misst vereent optrieden. 

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Harald Tittel
(Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

An engem Interview mat Deutschlandfunk sot de fréieren EU-Kommissiounspresident a fréiere Lëtzebuerger Premier: Wann d‘EU méi Afloss op d‘Beméiunge fir en Enn vum russeschen Aggressiounskrich géint d‘Ukrain wéilt hunn, misst se vereent optrieden an ophalen, sech ëmmer nees a 27 eenzel Deeler ze zerleeën. 

De Jean-Claude Juncker sot weider, Russland, d‘USA a China géife probéieren, hir Interêten a Verhandlunge mat eenzelnen EU-Länner duerchzesetzen.

Op dat Spill dierft d‘EU sech net aloossen.

Selenskyj rechent mat russeschen Attacken iwwer d'Feierdeeg

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet iwwerdeems viru massive russeschen Attacken iwwer d‘Feierdeeg gewarnt. An de Moie ginn elo aus der Ukrain och nees gréisser russesch Rakéiten- an Dronen-Attacken op d‘Energieinfrastrukture gemellt.

Bis elo géif et schonn dräi Doudesaffer ginn, dorënner e Kand vu véier Joer, bei enger Attack am Zentrum vum Land, sou déi ukrainesch Autoritéiten.

Och d‘Haaptstad Kiew wier viséiert gewiescht, an uechter d‘Land wieren op ville Plazen de Stroum an d‘Heizungen ausgefall, esou den ukraineschen Operateur Ukrenergo.