arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 90 Milliarden Euro fir d'Ukrain: Keen Zeeche vun Angscht, esou de Luc Frieden

EU-Sommet

|
headphones

2 min

90 Milliarden Euro fir d'Ukrain: Keen Zeeche vun Angscht, esou de Luc Frieden

No laange Verhandlunge gouf et hënt um Sommet zu Bréissel en Accord fir d'Ukrain weider finanziell ze ënnerstëtzen. D'EU stellt der Ukrain 90 Milliarden Euro iwwer déi nächst zwee Joer zur Verfügung. D'Sue ginn awer net aus de russesche Staatsverméige geholl, déi an der EU agefruer sinn.

headphones

2 min

© European Union
(Foto: European Union)

Am Virfeld war vill geschwat ginn iwwer déi ronn 210 Milliarden Euro russesch Staatssuen, déi an der EU agefruer sinn. De gréissten Deel an der Belsch.

Vill Bedenken, virun allem vun der Belsch

Den däitsche Kanzler Friedrich Merz hat sech besonnesch kloer fir déi Léisung agesat, an och den ukrainesche President Selenskyj sot um Sommet, et wier juristesch a moralesch richteg, déi russesch Suen ze benotze fir der Ukrain ze hëllefen.

Mee ënner den EU-Länner gouf et vill Bedenken - virun allem vun der Belsch - iwwer d‘Legalitéit vum Gebrauch vun de russesch Suen, a virun allem och iwwer déi méiglech Konsequenzen.

Garantië goufe gefuerdert

Et war extreem komplex, sot de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.

"Mir haten een Zil. Dat war, fir datt d'Ukrain géing déi noutwendeg Sue kréien, fir an där schrecklecher Situatioun, wou d'Ukrain ass, ze iwwerliewen, militäresch, finanziell. A mir hunn dat Zil erreecht."

De Luc Frieden gesäit den Accord, dee fonnt gouf, och net als en Zeeche vu Schwächt oder Angscht vun der EU vis à vis Russland. D‘Benotze vun de russesche Suen hätt Garantië vun den aneren EU-Länner gefuerdert.

"Kee konnt richteg soen, wéi déi Garantië géinge fonctionéieren, wéi héich se wieren. An duerfir ass dat hei elo als Léisung fonnt ginn, eis Ziler sinn erreecht ginn. Dat war wichteg an ech mengen et ass gutt och, datt keng rechtlech Onsécherheet kënnt an datt och keng Onstabilitéit op de Marchéë kënnt."

3 Länner hunn op ee Veeto verzicht

An, betount nach de Luc Frieden, déi russesch Staatssue géife weider an der EU immobiliséiert bleiwen.

"An natierlech kënne spéider och eng Kéier déi Suen am Kader vun engem Friddensaccord gebraucht ginn, fir d'Ukrain ze entschiedegen."

De Lëtzebuerger Premier gesäit dësen EU-Sommet als grousse Succès. Déi dräi Länner - Ungarn, Tschechien an d‘Slowakei - waren zwar dogéint, fir d‘Ukrain mat neien EU-Scholden ze ënnerstëtzen. Mee si kruten accordéiert, datt se déi nei Schold net musse mat zeréckbezuelen. 

Dowéinst hu si op e Veeto verzicht an den Accord awer matgedroen.