Et wier an der Haaptsaach drëm gaangen, Support ze weisen an d’Ukrain fir hir Widderstandsfäegkeet ze luewen, esou de Premier Luc Frieden no der Reunioun.
Inakzeptabel, datt Decisiounen blockéiert ginn
Wat déi ungaresch Blockad vun dem 90 Milliarden Euro Pak, deen d’EU-Memberstaaten u sech schonn decidéiert haten, ugeet, wier hien iwwerzeegt, datt d’EU-Kommissioun zesumme mam EU-Conseil Méiglechkeete fënnt, fir dës Decisioun awer nach ëmzesetzen, sou wéi d’Ursula von der Leyen dat ugekënnegt hat.
Dozou seet de Luc Frieden, datt dat selbstverständlech inakzeptabel wier.
"Datt ee Land eng Decisioun blockéiert, déi scho gemeinsam geholl ginn ass. Et ass net eng Decisioun, déi eréischt géif geholl ginn. Se ass scho geholl ginn."
Och schonn an der Vergaangenheet hätt d’EU trotz Retizenze vu verschiddene Länner Weeër fonnt, fir der Ukrain déi néideg Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen.
"Mir hunn elo schonn 20 Päck vu Sanktiounen ugeholl. An och wann dat all Kéiers e mühsame Wee ass, huet herno sech ëmmer den allgemenge Wëlle vun der Ënnerstëtzung vun der Ukrain duerchgesat. Duerfir ass et elo net eng Fro vun neie Reegele vun Ofstëmmung ze diskutéieren."
Europäesch Integratioun an Etappen
D’Fro ronderëm en ukrainesche Bäitrëtt an d’Europäesch Unioun wier komplizéiert, esou nach de Luc Frieden. Hei huet de Premier fir Tëschenetappe plädéiert, wärend deenen d’Ukrain zum Deel vun der europäescher Integratioun profitéiere kéint, mee dat wier aktuell net déi éischt Prioritéit.
"Dat ass eng unanime Decisioun vun der Europäescher Unioun. Duerfir mengen ech ass et méi wichteg, datt een der Ukrain hëlleft um Wee zur Europäescher Unioun a vläicht och Tëschenetappe fënnt, fir déi europäesch Perspektiv, déi wichteg ass, och am Kader vun engem méigleche Friddensaccord net futti ze maachen."
36 Länner wiere bei der Reunioun vun der Koalitioun vun de Wëllegen dobäi gewiescht. De Luc Frieden hätt zu Lëtzebuerg nach un aneren Dossiere schaffe missen an hätt dowéinst decidéiert, net op Kiew ze reesen, mee sech per Videokonferenz dobäi ze schalten.
Hien an den Ausseminister Xavier Bettel wéilten awer och an Zukunft nach eng Kéier an d'Ukrain reesen, fir hir Ënnerstëtzung auszedrécken, esou nach de Luc Frieden.