arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klengen Inselstaat, grouss Dossieren: Zypern iwwerhëllt EU-Presidence

Ausbléck

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Klengen Inselstaat, grouss Dossieren: Zypern iwwerhëllt EU-Presidence

Zypern iwwerhëlt d'Rudder vun den EU-Geschäfter zu engem Moment vu grousse geopoliteschen Onsécherheeten. Wärend de Sujet Migratioun méi kleng gëtt an Ëmweltreegelen ënner Drock stinn, prägen de Krich an der Ukrain, d'Relatioun mat den USA an intern EU-Debatten d'Aussichten op d'Joer 2026.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Den zypriotesche President Nikos Christodoulides zu Bréissel am Europäesche Rot | © picture alliance / dts-Agentur
Den zypriotesche President Nikos Christodoulides zu Bréissel am Europäesche Rot (Foto: picture alliance / dts-Agentur)

Der Surface no ass den Inselstaat no Malta a Lëtzebuerg dat drëtt klengste Land an der Europäescher Unioun.

De Krich an der Ukrain steet den Ament am Mëttelpunkt. Dobäi kënnt dëst Joer genee wéi zejoert, datt nom Wiessel am Wäissen Haus an den USA mam Donald Trump ee Mann un der Muecht ass, dee fir d’EU éischter onberechenbar ass an déi westlech Allianz op eng haart Prouf stellt.

Bulgarie kritt den Euro

D’Joer fänkt aus EU-Siicht virun allem domat un, datt Bulgarien als 21. Land Member vun der Eurozon gëtt - zënter dem 1. Januar huet d’Land net méi de Lew, mee den Euro als Wärung.

D’EU-Aktualitéit wäert mat Sécherheet och 2026 zum Deel vu Washington aus diktéiert ginn. Beim Sträit ëm d’Douanestaxen ass dat lescht Wuert nach net geschwat - d’USA wäerte weiderhi probéieren, déi an hiren Aen ze streng europäesch Reegele fir Online-Plattformen an Tech-Servicer wéi Facebook, Google a Co a Fro ze stellen a probéieren, hiren Afloss ze notzen, fir se no ënnen ze korrigéieren.

Migratioun kee grousse Sujet - Ëmweltoplagen ënner Drock

Zimmlech sécher ass domat ze rechnen, datt d’Migratioun net zu gréissere Streidereie féiere wäert - och dat huet 2025 scho gewisen - d’Jalone fir eng wéi dat elo an der EU-Sprooch heescht "innovativ" Léisunge goufe gesat - mat Campen, ausserhalb vun der EU, déi elo vu bal all EU-Land - dorënner Lëtzebuerg, guttgeheescht ginn.

Sécher ass och, datt d’EU weider Ëmweltstandarden am Numm vun der Simplification adminmistrative wäert erofsetzen - déi néideg Majoritéit dofir gëtt et ënner de Memberlänner an, wéi mir zejoert gemierkt hunn, och mat der Hëllef vum rietse Bord am Europaparlament.

Grousse Sträitpunkt: Aussiichten op EU-Bäitrëtt fir d'Ukrain 

Ob déi nämmlecht Majoritéit sech eens gëtt, wann et ëm den Ëmgank mam Krich an der Ukrain geet, ass eng Fro, déi opbleift.

Remarkabel ass do een Tweet vun der Kommissiounscheffin um Enn vum Joer - an deem d’Ursula von der Leyen d’EU-Memberschaft vun der Ukrain als eng Haapt-Sécherheets-Garantie fir d’Land bezeechent huet.

D’Perspektiv EU Member ze gi kéint an de Friddensverhandlungen eng wichteg Roll spillen.

Déi Perspektiv ass awer och an der EU net onëmstridden. Wéi mir wëssen ass besonnesch ee Land, Ungarn, kategoresch dergéint. An et bleift ofzewaarden, wéi anerer dat gesinn, wann et bis méi no réckelt.

A apropos Ungarn - do gëtt d’nächst Joer gewielt - och dat ee wichtege Rendez-vous op EU-Niveau, och wann et sech ëm national Walen handelt. E Wiessel zu Budapest hätt zweiwellos Konsequenze fir d’EU-Politik.

play_arrow Lauschteren