Déi 27 Staats- a Regierungscheffe probéieren do zanter Donneschdegmoien en Accord ze fannen, fir d‘Ukrain och déi nächst zwee Joer weider finanziell ze ënnerstëtzen. Eng séier Eenegung schéngt dobäi net a Siicht.
Belsch fuerdert zolidd Garantien
Eng vun den zwou Propose vun der Kommissioun ass et, der Ukrain fir déi nächst zwee Joer e Prêt vun 90 Milliarden Euro ze ginn. Dës Sue sollen aus de ronn 210 Milliarden Euro russesche Staatssue kommen, déi laangfristeg an der EU agefruer sinn.
Ënner anerem d‘Belsch, wou de gréissten Deel vun den agefruere Suen ass, huet seriö Bedenken. De belsche Premier Baart de Wever fuerdert vun den aneren EU Länner zolidd Garantien, fir de Fall wou d‘Belsch d‘Sue misst zeréck bezuelen, oder mat juristeschen an anere Reaktioun vu Russland konfrontéiert géif ginn.
Selenskyj: Ukrain juristesch a moralesch am Recht
De Wolodymyr Selenskyj kann d’Bedenke vun der Belsch gutt verstoen, mee hie gesäit d‘Ukrain, juristesch a moralesch, absolut am Recht.
D‘Ukrain huet e Recht, vun den agefruere russesche Suen ze profitéieren. Well Russland géif d‘Ukrain zerstéieren, an dofir misst Russland dofir opkommen. Dat wier e kloert Argument. Et wier och wichteg, datt Europa dee Message u Russland gëtt, esou de Selenskyj zu Bréissel.
Ukrain brauch eng staark Verhandlungspositioun
Ouni weider Sue vun der EU géif et fir d‘Ukrain vum Fréijoer d’nächst Joer u schwéier ginn, sech weider ze verdeedegen, an als Land weider ze funktionéieren.
Dobäi wier et essentiel, an enger staarker Positioun ze sinn, wann et dann zu Friddensverhandlunge mat Russland kënnt, esou de Wolodymyr Selenskyj. Den ukrainesche President zielt do net just op d‘Europäer, mee och op d‘USA an deenen hire President Donald Trump. Et wieren d‘USA, déi de Putin wierklech stoppe kéinten. Hie géif just hoffen, datt Washington méi Drock op Russland mécht. De Putin wéilt keen Enn vum Krich, also kéint de Krich nëmmen ophalen, wann d‘USA Drock maachen.
"Mir ginn net heem ouni Decisioun"
D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hat um Optakt vum Sommet gesot: „Mir wäerten net heem goen, ouni eng Decisioun iwwert weider finanziell Hëllef fir d‘Ukrain ze huelen“
Den ukrainesche President hofft staark dorobber, dat bis d‘Enn vun dësem Joer nach.