Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainesche Premier Deny Schmyhal kënnt nächst Woch op Lëtzebuerg

Op Aarbechtsvisitt

Ukrainesche Premier Deny Schmyhal kënnt nächst Woch op Lëtzebuerg

D‘nächst Woch ass den ukrainesche Premierminister Deny Schmyhal fir eng Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg. Dat deelt d‘Regierung mat. Den ukrainesche Premier gëtt begleet vum ukrainesche Finanzminister a vum Justizminister a gëtt am Schlass zu Senneng vum Lëtzebuerger Premier Luc Frieden empfaangen. 

auto_stories

1 min

Bei engem offizielle Mëttegiesse sinn dann och d‘Defenseministerin Yuriko Backes, de Finanzminister Gilles Roth an d‘Justizministerin Elisabeth Margue dobäi. Theeme sinn déi aktuell Situatioun an der Ukrain an déi Lëtzebuerger Hëllef. Den ukrainesche Premier soll och e Kooperatiounsaccord mam Ausseminister Xavier Bettel ënnerschreiwen.

Et sinn och Entrevue geplangt mam Grand-Duc Henri, mam Chamberpresident Claude Wiseler a mat der Presidentin vun der Europäescher Investitiounsbank Nadia Calviño.