Schonn e Sonndeg war déi russesch Stad attackéiert ginn. Dobäi sollen och d‘Gebai vum Inlandsgeheimdéngscht FSB an eng Pëtrolsraffinerie getraff gi sinn.
Iwwerdeems weist de Wolodymyr Selenskyj sech optimistesch. Dat Nodeems d‘Ukrain éischt amerikanesch Abrams-Panzer geliwwert krut. Hien ass optimistesch wat déi weider Militärhëllef ugeet. Dozou géifen och F-16 Kampfjetten, Fligerofwiersystemer a Langstreckewaffe gehéieren. Aus Däitschland erwaart sech de Selenskyj d‘Liwwerung vu Cruise Missiles vum Typ Taurus.