An der Haaptsaach sollen dës Hëllefen iwwer EU-Fongen, de G7-Länner an iwwer den internationale Wärungsfong opgefaange ginn. Eleng fir d‘Defense si bal 96 Milliarden Dollar virgesinn, dat mecht iwwer 43 Prozent vum ukrainesche PIB aus.
Am Verglach maachen déi russesch Militärdepensen just 5,5 Prozent vum PIB aus, och wann net all Depensen transparent sinn.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet vu schwieregen Aschnëtter geschwat, déi elo fälleg wieren.