Radioen

On air

Notturno  |  Einstürzende Neubauten - Youme & Meyou

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Demokrat: "Den Joe Biden huet mech net méi rëmerkannt"

Walkampf an den USA

US-Demokrat: "Den Joe Biden huet mech net méi rëmerkannt"

Den Joe Biden verléiert ëmmer méi u Réckhalt bannent senger eegener Partei. En US-Demokrat sot souguer, de Biden hätt hien net méi rëmerkannt. E Récktrëtt wier US-Medien no och net méi ausgeschloss.

auto_stories

1 min

Joe Biden | © picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP

Parallel gëtt den Drock op den Joe Biden ëmmer méi héich. Weider Demokraten hunn hire Parteikolleeg dozou opgefuerdert, aus der Course ëm d’Presidentewalen am November erauszeklammen. Bannent 24 Stonnen hunn eng weider Dosen Demokraten dat gemaach. Ee vun hinne sot souguer, den Joe Biden hätt hie rezent bei enger Entrevue net erëmerkannt,

Den Joe Biden géing US-Medien no e Réckzuch net méi kategoresch ausschléissen.

Trump tourt weider

Den Donald Trump hat gëschter säin éischte Walkampfoptrëtt. Dat nodeems genee eng Woch virdrun am Bundesstaat Pennsylvania op hie geschoss gi war. 

De republikanesche Presidentschaftskandidat huet sech bei sengem Walkampfoptrëtt gëschter am Bundesstaat Michigan fir eng éischte Kéier zesumme mat sengem neie Vizepresidentschaftskandidat J.D Vance gewisen.