D‘Nächst Woch gëtt weider zolitte Wand erwaart, wat d‘Flamen nei entfache kéint.
12.000 Wunnenge si bis elo offiziell zerstéiert ginn. D‘Leit sichen deelweis en neien Ënnerdaach an Hotellen. D‘Demande ass grouss, an d‘Hotelle setzen hir Präisser erop, De kalifornesche Generalprocureur huet annoncéiert, dogéint virzegoen an huet och schonn deementspriechend Bréiwer un Hotelle geschéckt.