577.000 Mënsche wieren an enger absolutter Noutlag, esou d‘UNO.
D‘Organisatioun fir Hëllef ass schwiereg. Am UNO Sécherheetsrot gouf de Vott iwwert Kompromëss-Text fir eng Resolutioun fir méi Hëllef fir d‘Gazasträif no hanne verréckelt. Verschidde Länner waren onzefridden, datt den Text ofgeschwächt gouf. En plus riskéiert den Text, wann en da bis zum Vott kennt, op en Neits de Veto vun den USA.