Radioen

On air

Moiesstudio  |  De schwéiere Wee zeréck op d'Aarbecht

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Elon Musk gouf zum Special Government employee ernannt

Ee Status mat Reegelen

Den Elon Musk gouf zum Special Government employee ernannt

Dem Elon Musk seng Funktioun an der neier amerikanescher Regierung ass elo méi kloer: Säin offizielle Status ass elo Special Government employee. An där Funktioun soll de Musk virun allem Käschte vum Staat drécken.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP
(Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP)

De Status huet allerdéngs och seng Reegelen: Dës Leit hunn normalerweis e maximaalt Mandat vun 130 Deeg wärend engem Joer a si däerfen net an Aktivitéiten agräifen, déi hir finanziell Interête betreffen.

Iwwerdeems hunn d'Gewerkschaften elo eng Plainte géint de Finanzminister a säi Ministère agereecht. Dat well den Elon Musk Accès op Donnéeë vum Finanzministère kritt huet. Och Salairë vu Regierungsemployéen a Pensioune wieren do anzegesinn.