Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Nilüfer Yanya - Like I Say (I Runaway)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UN-Rapport: Memberlänner wäit ewech vun hire Klimaziler

Am Virfeld vun der COP29

UN-Rapport: Memberlänner wäit ewech vun hire Klimaziler

Zwou Woche virun der UN-Klimakonferenz COP29 schloen déi Vereenten Natiounen op en Neits Alarm. Aktuell wieren d‘Memberlänner wäit ewech vun de Klimaziler, warnt d’UNO an engem neie Rapport, deen all Joer aktualiséiert gëtt.

auto_stories

1 min

Foto: Adobe Stock

Déi aktuell Engagementer a Saache Klimaschutz géingen 2030 zu enger Baisse vun 2,6 Prozent vun de weltwäiten Zäregasemissioune féieren. Dat am Verglach mat 2019. Recommandéiert ginn awer 43 Prozent fir déi global Äerderwiermung ze bremsen.

D’COP29 ass den 11. November zu Baku, der Haaptstad vun Aserbaidschan.