search

/ UN-Mënscherechtskommissariat: Israeelesch Attacke kéinten "ethnescher Säuberung" sinn

Gaza

|
headphones

1 min

UN-Mënscherechtskommissariat: Israeelesch Attacke kéinten "ethnescher Säuberung" sinn

Den Haut-Commissariat fir Mënscherechter vun der UNO fäert, datt an der Gazasträif an am Westjordanland eng ethnesch Säuberung leeft. Israel géif d‘Attacken intensivéieren, methodesch ganz Quartieren zerstéieren, humanitär Hëllef verhënneren a forcéiert Emsidlunge virundreiwen.

headphones

1 min

© EPA/MOHAMMED SABER
(Foto: EPA/MOHAMMED SABER)

Dat géif no enger ethnescher Säuberung ausgesinn, esou de Mënscherechtskommissariat vun der UNO a sengem neie Rapport. 

Israel géif och bewosst dofir suergen, datt d'Palestinenser ënner ganz schwéiere Konditioune misste liewen an Honger misste leiden.