D’Vereenegung gouf nom Doud vun der Mahsa Amini gegrënnt, déi jonk kurdesch Fra, déi am Iran festgeholl gouf wëll se d’islamescht Kappduch net un hat. Si ass un de Suite vun hire Blessure gestuerwen, eppes wat am Iran Manifestatiounen ausgeléist hat.
Nach ëmmer kee Kontakt zu der Famill
Um Samschdeg wollt d’ADHI op déi aktuell Situatioun am Iran hiweisen.
Den iranesche Regime ënnerhëlt alles, fir all Manifestatioune géint den aktuelle Pouvoir brutal ze ënnerdrécken. Et ginn Dausenden Doudeger, wéivill ass net gewosst. Wéi vill Mënsche festgeholl a warscheinlech torturéiert goufen och net.
Den Internet ass am Iran komplett ausgeschalt ginn, an d’Ausland telephonéieren ass och dacks net méiglech.
Mënscherechtverletzunge missten elo ophalen
Vill Iraner:innen, déi zu Lëtzebuerg liewen, wëssen net wéi et hire Famillen a Bekannte geet. D’ASBL ADHI wëllt sech mat den Iraner solidaresch weisen, an de Message ass kloer erkläert d’Shirley Freyermuth.
"Le message, c'est que vraiment les violences, les violations des droits de l’homme cessent immédiatement envers le peuple iranien. Il est inadmissible qu'encore aujourd'hui les gens soient tués pour avoir osé penser, osé s'exprimer. Et nous sommes vraiment de tout cœur avec eux."
Fuerderung no Sanktiounen
An de Rieden op där Manifestatioun war et awer och d’Fuerderung un d’Autoritéiten hei zu Lëtzebuerg, an och an Europa ,fir Auteure vun der Repressioun am Iran ze sanktionéieren, de Mënscherechtsverdeedeger Fränk Wies mat engem Beispill.
"D’Fraen am Iran, déi ginn um Studéieren ofgehalen. D'Meedercher vun den Dignitäre vum Regime, déi kommen an Europa an déi studéieren hei, déi kréien e Visa. A wann een dat schonn emol géif ofschneiden, dat ass eng vun de Méiglechkeeten. An dat anert ass och ganz einfach, fir déi Stëmm weiderzedroen."
Well momentan géif einfach alles an de Koup geschoss ginn, fir duerch blanken Terror d'Leit dervunner ofzehalen sech géint de Regimm ze wieren, erkläert nach de Mënscherechtsaffekot Frank Wies.
Gemeinsam juristesch virgoen
D’ADHI gouf vun engem Groupe vun Affekoten hei zu Lëtzebuerg an d’Liewe geruff. Ee vun den Ziler ass et och juristesch virzegoen, fir Auteure vu Crimme géint d’Mënschlechkeet ze poursuivéieren, erkläert d’ Yasmine Guebasi.
"Parce qu on souhaite travailler sur la compétence universelle. Qu'est -ce que c'est la compétence universelle? C'est le fait de pouvoir attraire des personnes qui ont connu de graves persécutions ailleurs, devant des tribunaux internationaux, pour que les victimes puissent enfin se sentir soulagées du fait que leurs agresseurs ont été condamnés."
An der EU goufen et schonn an anere Fäll, ewéi de Genozid am Ruanda oder der Repressioun a Syrien, Prozesser, déi zu Condamnatioune gefouert hunn.
Zweet Manif virun US-Ambassad
Zur selwechter Zäit um Samschdegmëtteg war eng aner Solidaritéitsmanifestatioun virun der US-Ambassade um Lampertsbierg. Hei gouf den US-President Donald Trump zum direkte Schutz vun der Zivilpopulatioun am Iran opgeruff.