De Sergio Ferreira vun der Asti a vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, seet, datt een net partout géint e Screening-Prinzip wier. Mee d’Manéier, wéi se am Lëtzebuerger Asylpakt steet, géif him Suerge maachen.
Neien Asylpakt ëmgeet d'Genfer Konventioun
Den CSV-Inneminister Léon Gloden hat präziséiert, datt beim Screening déi respektiv Persoun soll identifizéiert a mat europäeschen Datebanken ofgeglach ginn an determinéiert ginn, ob d’Persoun eng Gefor fir déi national Sécherheet duerstellt.
"Et ass meeschtens an eisen Aen eng Zort vun Detournement vun der Genfer Konventioun. Well d'Genfer Konventioun seet, datt all Demande muss individuell traitéiert ginn."
Esou de Sergio Ferreira. Mat deem neien Asylpakt géif scho wärend der Screening-Prozedur kloer gemaach ginn, wie soll eng protektioun kréien, a wien net, esou de Sergio Ferreira.
"Notamment déi Dispositioun, déi seet, fir d'Länner, wou den Taux de reconnaissance manner wéi zwanzeg Prozent ass, soll do an de Procédure accélérée kommen. Dat ass eppes, wat fir eis am meeschten negativ ass."
An där procedure accéleré gëtt da bannent dräi Méint analyséiert, ob déi Leit Asyl zu Lëtzebuerg kréie kann oder net.
"Return Hubs" als ganz besonnesch kritesch gesinn
D’Marion Dubois, Direktesch vun der asbl Passerell, seet, datt ee ganz genee géif am A behalen, wéi d’Prozeduren an deene Screening-Zentere wäerten oflafen.
Am Zuch vum neie Migratiouns- an Asylpak war och nees d’Thema vu sougenannten “Return hubs” opkomm. Eng Propositioun vun der EU-Kommissioun. Domat sinn Zentren an Drëttlänner, ausserhalb vun der EU gemengt, wou Leit déi keen Asyl krute solle placéiert ginn ier se zeréck an hier Heemecht mussen.
Am 100,7-Interview hat den CSV-Inneminister Léon Gloden sech der Iddi net verschloss. D’Marion Dubois gesäit dat Konzept awer ganz kritesch.
"C'est une façon de, si j'ose dire, de se débarrasser en fait grossièrement des personnes qui seraient indésirables aux yeux des gouvernements. Après, si on se place du point de vue respectueux des droits fondamentaux des personnes, c'est extrêmement critiquable."
Aus Siicht vun de Grondrechter: extrem kritesch
D'Fro déi sech stelle wäert, wier, wéi eng Lienen zu deene Länner duerno am Endeffekt wierklech zielen.
"Et surtout comment elles seront traitées et accueillies à leur arrivée. Donc d'un point de vue droits fondamentaux, c'est extrêmement critiquable et très inquiétant."
Dat gesäit de Sergio Ferreira vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot änlech. Et wier ee strikt do dergéint, datt eng Persoun an e Land géif geschéckt ginn, mat dem se absolut kee Lien hätt.