arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Parlamentspresidentin: EU-Staate solle Protester am Iran méi ënnerstëtze wéi bis elo

Iran

|
headphones

1 min

EU-Parlamentspresidentin: EU-Staate solle Protester am Iran méi ënnerstëtze wéi bis elo

Et wier een der Meenung, datt 2026 d‘Joer wier an dem Diktaturen op en Enn ginn, esou d‘EU-Parlamentspresidentin Roberta Metsola an engem Interview mat euronews. D‘EU misst sech kloer positionéieren a sech fir Fräiheet asetzen.

headphones

1 min

© EPA/MICHAEL BUHOLZER
(Foto: EPA/MICHAEL BUHOLZER)

Leschte Meldungen aus dem Iran no hätt d‘Zuel vun de Protester no der staatlecher Repressioun ofgeholl. Allerdéngs bleift d‘Informatiounslag wéinst dem ofgeschalten Internet ganz schwiereg.

Iranesch Revolutiounsgarden als Terroristen astufen

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet iwwerdeems iwwer X wësse gedoen, datt Lëtzebuerg den EU-Virschlag fir méi strikt Sanktioune mat dréit. Parallel wier een och dofir, datt déi iranesch Revolutiounsgarden als Terrororganisatioun aklasséiert ginn.

Iwwerdeems gouf et en Telefonsgespréich tëschent dem franséischen Ausseminister Jean-Noel Barrot an dem iraneschen Ausseminister. Frankräich huet déi brutal Repressioun vun de Protester schaarf kritiséiert. Déi iranesch Säit huet argumentéiert, et wieren terroristesch Aktioune gewiescht.