Radioen

On air

Moiesstudio  |  Soft Launch - Milkshakes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ULC mat Kritik un der Konsumenteschutz-Politik vun der Regierung

Keen eegestännege Ministère méi

ULC mat Kritik un der Konsumenteschutz-Politik vun der Regierung

De Konsumenteschutz ULC ass enttäuscht iwwer d‘Konsumenteschutz-Politik vun der neier Regierung. Vun deem wat an de Walprogrammer a Saache Konsumenteschutz versprach gouf, géif een am CSV-DP Koalitiounsaccord net méi vill erëm fannen, schreift d‘ULC an engem Communiqué.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

An den 200 Säite vum Koalitiounsprogramm misst ee laang sichen, fir eppes iwwert de Konsumenteschutz ze fannen, bedauert den ULC-President Nico Hoffmann. Dat géif villes iwwert d’Prioritéite vun der Regierung aussoen.

E klore Schrëtt no hanne wier d’Tatsaach, datt déi nei Regierung deen eegestännege Verbraucherschutzministère erëm ofgeschaaft huet. De Ressort gouf an de Landwirtschaftsministère integréiert. Doduerch kréich Protektioun vun de Verbraucher däitlech manner Visibilitéit, fäert den Nico Hoffmann.

Positiv wier an deem Kontext awer en éischt informellt Treffe mat der zoustänneger CSV-Ministesch Martine Hansen gewiescht. Et wéilt ee sech elo reegelméisseg gesinn an d‘Ministerin huet d‘ULC-Vertrieder gefrot fir reegelméisseg iwwer Theemen informéiert ze ginn, déi mam Verbraucherschutz ze dinn hunn.

ULC: Sammelkloe sollen endlech méiglech ginn

Haaptfuerderung vun der ULC ass et, fir d’EU-Direktiv iwwer Sammelkloen endlech an nationaalt Recht ëmzesetzen. Den entspriechende Gesetzprojet war schonn am Januar an der Chamber deposéiert ginn, am Summer allerdéngs u ronn 70 Oppositions formelles vum Staatsrot gescheitert. D’Ministesch hätt ugekënnegt, datt si sech am Januar der Problematik wéilt unhuelen an datt den Entworf dann an déi zoustänneg Kommissioun sollt goen, begréisst den ULC-President. Hie mécht sech awer Suerge wéinst engem Saz, deen am Gesetzprojet bäikoum, no deem de Verbraucherschutz misst d’Partikularitéite vun der Lëtzebuerger Ekonomie respektéieren.

„An do stelle mir ons dann déi berechtegt Fro, steet d’Wirtschaft iwwert dem Verbraucherschutz?“

D’EU-Direktiv iwwert d’Sammelkloen hätt eigentlech bis Enn d’lescht Joer an nationaalt Recht missten ëmgesat gi sinn. Den Nico Hoffmann warnt, datt Lëtzebuerg sech net méi ze vill laang Zäit dobäi léisst. Anerefalls kéint eng Geldstrof fir de Grand-Duché droen.

Lauschterenplay_arrow