Den neie Chef wier och doru gehënnert ginn, säi Büro ze betrieden. Déi nei proeuropäesch Regierung vum Donald Tusk huet gëschter déi komplett Leedung vun den ëffentlech-rechtleche Medien eraus gehäit, mam Reproche, si hätten an de leschten 8 Joer ënnert der PiS-Regierung Propaganda verbreet.
Och international Organisatiounen haten déi eesäiteg Berichterstattung vun den ëffentlech-rechtleche Medien a Polen kritiséiert. D‘PiS selwer protestéiert géint dës Neiorganisatioun a schwätzt vun engem Coup d‘État an enger Attack op Demokratie a Pressefräiheet.