Radioen

On air

Moiesstudio  |  Thee Sacred Souls - Running Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tunnel ënnert dem Äermelkanal bis op Weideres zou

Wéinst Streik

Tunnel ënnert dem Äermelkanal bis op Weideres zou

Den Tunnel ënnert dem Äermelkanal bis a Groussbritannien ass bis op Weideres zou wéinst engem onerwaarte Streik vun de Mataarbechter vun Eurotunnel. 

auto_stories

1 min

Eurostar huet hir Clienten op X informéiert: et géife kéng Zich méi fueren, d‘Cliente krute geroden, hir Rees ze verréckelen. Et ass onkloer wéini de Streik eriwwer ass. Et sinn awer vill Leit betraff, Chrëschtdag an d‘Neit Joer ass eng Zäit, wou besonnesch vill Leit duerch den Tunnel reesen.