De Riichter sot, den Donald Trump hätt de Wäert vu senger Firma „Trump Organizatioun“ systematesch manipuléiert an iwwerdriwwe, fir méi gënschteg Bank-Prêten an Assurance-Kontrakter ze kréien, a fir manner Steieren ze bezuelen.
Dem Riichter seng Deklaratioun ass ee Réckschlag fir den Donald Trump zwee vu senge Filssen, déi och ugeklot sinn. Am Prozess wëll de Parquet ënner anerem erreechen, datt den Donald Trump zu New York kéng Geschäfter méi däerf maachen.