Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Ben Wendel - On The Trail (Live)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trotz weidere Präisbaissen um Familljendag: Ass d'Schueberfouer ze deier?

Schueberfouer 2024

Trotz weidere Präisbaissen um Familljendag: Ass d'Schueberfouer ze deier?

D'Forainen annoncéieren eng Neierung op der Schueberfouer: Dëst Joer wäerten och d'Restauranten um Familljendag méi niddreg Präisser ubidden. An och aner Iess- a Séissegkeetestänn wäerten op deem Dag Reduktioune virgesinn. Vill Leit bleiwen awer bei der Meenung, datt d'Fouer ze deier ass.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Schueberfouer | © picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel play_arrow
Foto: picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel

Artikel: Pit Beffort

Geplangt ass eng Präisbaisse vu ronn 30 Prozent, erkläert de President vun der Federatioun vun de Forainen Charles Hary am 100,7 Interview. Bis ewell waren um Familljendag just d’Präisser vun de Spiller méi bëlleg.

Ënnerschiddlech Grënn fir d'Präishaussen

Allgemeng wéilt een de Leit gären entgéintkomme mat de Präisreduktiounen um Familljendag, grad wéi um leschte Fouerdag, erkläert den Charles Hary. Am grousse Ganze géif hien d'Präisser op der grousser Kiermes um Glacis awer net ze deier fannen.

"Eis Präisser si bliwwen, a wann ech kucken, an Däitschland, déi däitsch Forainen, déi franséisch, déi belsch, déi fuere mat genau deene selwechte Präisser, wou si d'ganz Joer gefuer sinn, och hei. An ech fannen dat souwisou net ze deier, wéi mir hei fueren, well fir dat, wat ugebuede gëtt, dat huet scho säi Präis."

D'Grënn fir Präishaussen, déi op verschiddene Plazen ageféiert goufen, wieren ënner anerem d’Energie- an d'Personalkäschten, esou de Charles Hary. 

"De Sprit ass méi deier ginn. Do sinn awer Geschäfter, déi kommen heihinner, déi fuere 600-700 Kilometer, déi brauche jo awer Masutt, bis si hei sinn. An ech mengen, dat sinn alles Saachen, d'Energiekäschten niewelaanscht, dat gëtt alles méi deier, an dann ass et ganz normal, dass mol eng Kéier eppes fofzeg Cent méi deier gëtt."

Manner Leit gi sech net erwaart

Eng Petitioun, déi zanter e puer Wochen um Chamberssite online ass, freet iwwerdeems, datt d'Stater Gemeng de Foraine soll ënner d’Äerm gräifen, ebe well d'Präisser fir den Endkonsument ëmmer méi géifen eropgoen. 

De Charles Hary schwätzt vun engem komplexe Bild, dat net schwaarz an net wäiss wier.

"Mir bezuelen eist Standgeld, wat nu wierklech an der Stad Lëtzebuerg net deier ass, a mir hunn eis Festivitéiten. Dat geet jo iwwer de Forains-Comité, wou mir jo awer all déi Deeg, wéi Buergermeeschterdag a sou weider, och musse kënne finanzéieren."

De Charles Hary mengt iwwerdeems net, datt wéinst de Präisser manner Leit géifen op d'Schueberfouer kommen.

"Do maachen ech mir guer keng Suergen. D’Schueberfouer ass ëmmer ganz gutt besicht. Deen eenzegen Uleien, dee mir hunn, dat ass d'Wieder muss matspillen."

Alles wier deier hautzedaags, "Dat ass nun eeben emol esou", mengt de Charles Hary.

Lauschterenplay_arrow