Radioen

On air

Notturno  |  Paul Fox Collective - I'm Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CEFIS-Etüd: Fënneftel vun auslännesche Walberechtegten hu bei Gemengewale gewielt

Gemengen- an Europawalen

CEFIS-Etüd: Fënneftel vun auslännesche Walberechtegten hu bei Gemengewale gewielt

Ronn 250.000 Auslänner:inne ware fir d'Gemengewale walberechtegt. Just 50.000 hu sech tatsächlech ageschriwwen. Wisou dat sou ass, domat befaasst sech déi neisten Etüd vum Centre d’étude et formation interculturelles et sociales, déi um Donneschdegowend presentéiert gëtt.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

© picture alliance / NurPhoto | Luis Boza play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Luis Boza

Geschriwwe vum Jimmy Bruch

D’Etüd mam Titel "Participation Electorale des Etrangers" gëtt haut um Donneschdegowend virgestallt. Si huet sech mat den Erkenntnisser aus de Gemengen- an Europawalen aus deene leschten 2 Joer beschäftegt. 

Reform vun 2022 huet ee klengen Effekt

50.000 auslännesch Wieler:inne bei de Gemengewalen 2023: Dat sinn der zwar 83 Prozent méi, wei nach bei de Gemengewalen 2017. Awer trotzdeem nach wéineg, wann ee sech ukuckt, wéi vill auslännesch Matbierger:innen zënter der Reform vum Walrecht 2022 hätte kënne wiele goen.

Wärend d‘Aschreiwungsquot bei de Gemengewale bei 20 Prozent louch, waren et der bei den Europawalen d‘lescht Joer just 15 Prozent. Den Direkter vum Centre d’étude et de formation interculturelles et sociales, Sylvain Besch, gesäit, datt den Effekt vun der Reform relativ kleng ass.

Openthaltsdauer ee wichtege Facteur

Bei Leit, déi scho méi wéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnen, läit d‘Aschreiwungsquot bei 23 Prozent. D’Etüd zur Walbedeelegung vun Auslänner:innen ergëtt, datt d’Openthaltsdauer ee wichtege Facteur fir d’Walbedeelegung ass. Wann ee méi laang am Land wunnt, ass d’Warscheinlechkeet méi grouss, datt ee sech op der Wallëscht aschreift. Der Etüd vum CEFIS no läit dat virun allem dorun, datt d‘Leit net genuch iwwer hir Rechter informéiert sinn, sou de Sylvain Besch. D‘Informatiounen iwwer d‘Walrecht wier ganz wéineg visibel, gëtt hien ze bedenken.

Dës Observatioun mécht een och um Terrain. De Sergio Ferreira, Spriecher vun der ASTI, bestätegt, wéi wichteg et ass, sech méi dauerhaft dofir anzesetzen auslännesch Awunner:innen iwwer hir Rechter ze informéieren. D'Campagne, fir déi Walberechtegt iwwer hir Rechter opzeklären, misst permanent sinn an net just kuerz virun de Walen.

Déi Jonk hunn deelweis aner Forme vu politeschem Interessen

Weideren Handlungsbedarf observéiert d'Etüd och bei deene Jonken. Vun den auslänneschen Awunner:innen, déi tëschent 18 a 24 Joer al sinn, ware just knapp 5 Prozent fir d‘Walen ageschriwwen. De Sylvain Besch preziséiert, datt dat senger Analys no awer net just un der Visibilitéit vun der Informatioun läit. Wat ee méi jonk ass, wat een och déi traditionell Forme vu politescher Bedeelegung manner privilegiéiert. Dat géif awer net heeschen, datt déi jonk net un der Politik interesséiert sinn, betount de Sylvain Besch.

"Aner Studie weisen och, datt si aner Forme vum politeschen Interesse weisen, dee sech vläicht net an deem Sënn lo ausdréckt an der konventioneller Walbedeelegung."

Et misst ee Reflex entstoen, d'Leit opzeklären

Iwwerdeems observéiert d'Etüd awer och eng ganz Rei positiv Entwécklungen. Ënner anerem den Engagement vun de Gemengen, hir auslännesch Awunner:innen iwwer d'Walen ze informéieren. Zum Beispill hu méi wéi d’Hallschent vun de Gemengen zu Lëtzebuerg personaliséiert Invitatioune verschéckt.

Och d'Méiglechkeet vun der elektronesch Aschreiwung iwwer MyGuichet schéngt gutt unzekommen: 50 Prozent vun de Wieler:innen hu sech iwwert dee Wee fir d’Walen ugemellt. Trotzdeem proposéieren d’Auteure vun der Etüd, wéi een d’Approche weider entwéckele kéint.

"Vläicht sech eng Strategie ze ginn, fir datt et einfach zu engem Reflex ka ginn, datt wa Leit op eng Gemeng kommen, datt si dorop higewise ginn. Datt dat och zu hirem Package vun der Insertioun hei am Lëtzebuerger Land gehéiert."

Herno wier et nach ëmmer de Leit iwwerlooss, ob si sech aschreiwen oder net.

Och de Sergio Ferreira vun ASTI erënnert dorun, datt et net eleng un engem eenzelen Acteur ass, sech fir déi politesch Integratioun vun den auslänneschen Awunner:innen anzesetzen.

Lauschterenplay_arrow