Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trotz Rettungsversich ass den Orca gestuerwen

Orca zu La Panne

Trotz Rettungsversich ass den Orca gestuerwen

Den Orca, dee sech gëschter op der belscher Plage veriert hat, ass trotz de Rettungsversich gestuerwen. De Schwäertwal war fir d‘éischt gesi ginn, wéi hie Richtung Frankräich geschwommen ass.

auto_stories

1 min

Gëschter am Nomëtteg ass hien dunn zu La Panne op der Côte ugespullt ginn a kuerz drop gestuerwen. Et war nach probéiert ginn, de Wal mat engem Rettungsboot dozou ze kréien, rëm zeréck an d‘Mier ze schwammen.

Firwat d‘Déier op d‘Plage geschwommen ass, ass net gewosst. Et ass awer éischter een ongewéinleche Virfall an der Nordséi.