Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - More Than An Account

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Kuerzaarbecht a staatleche Mesuren: Bausecteur kuckt pessimistesch an d'Zukunft

Zukunft vum Bausecteur

Trotz Kuerzaarbecht a staatleche Mesuren: Bausecteur kuckt pessimistesch an d'Zukunft

De Bausecteur hätt just nach fir e puer Méint Aarbecht. Dat seet den Entrepreneur Roland Kuhn am 100,7-Interview. Vum en Donneschden un ass de Bausecteur zwar offiziell net méi am Krisemodus, an déi lescht Méint konnten d’Entreprisë sech mat Kuerzaarbecht an aner staatleche Mesuren iwwer Waasser halen. De Bilan am Secteur fält trotzdeem gemëscht aus. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ufanks hätt ee sech iwwer d’Mesurë gefreet, seet den Tom Wirion, Direkter vun der Chambre des Métiers. Op de staatleche Remboursement vun der Kuerzaarbecht hätt een deelweis awer laang gewaart, wat virun allem a Krisenzäite fir d'Entreprisen, déi a finanzieller Noutlag stiechen, schwiereg wier.

Doriwwer eraus konnten d'Krisemesuren net all Aarbechtsplaz retten, esou den Tom Wirion, dee rappelléiert, datt vill Leit am Secteur hir Beschäftegung verluer hunn.

“Insgesamt am Bausecteur selwer, an de Statec seet dat och, dass mir awer och op enger Zäitspan vu Januar 2023 bis Abrëll 2024 bal 3.000 Aarbechtsplazen am Secteur verluer hunn.”

Dat géing doru leien, datt am Endeffekt wéineg Firmen d’Kuerzaarbecht ugefrot hätten.

Gëtt ze wéineg ausgeschriwwen?

Dem Aarbechtsministère no hätt d'Regierung effektiv "nom dramatesche Réckgang am Secteur, no Diskussioun mat de Sozialpartner, an no Analyse vu verschiddensten Informatioune mat méi Kuerzaarbecht gerechent".

Grond kéint sinn, datt verschidden Entreprisë Schwieregkeeten haten, d’Optragslag anzeschätzen, esou de Roland Kuhn, President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen. Hie mécht een Appell un den ëffentleche Secteur.

"Wat dat Allerwichtegst wier, wier datt ausgeschriwwe géing ginn. A Moment mierke mir, datt effektiv wéineg ausgeschriwwe gëtt vum Staat, awer och vun de Gemengen."

Aarbechtsministère: Liicht um Enn vum Tunnel

Datt et aktuell e Manktem un ëffentlechen Ausschreiwunge géif ginn, confirméiert och d'Chambre des Métiers a weist sech kritesch. Dem Roland Kuhn no hätt een nëmmen nach fir e puer Méint am Secteur Aarbecht. 

"Déi nächst Méint gesi fir de Bausecteur ganz schwiereg aus. Net nëmmen déi nächst Méint, mee ech géing och soen dat nächst Joer. Et geet lo wierklech drëms dem Bausecteur an deem Sënn ze hëllefen, an deem een déi Aarbechte mécht, déi souwisou um Dësch leien, déi souwisou gemaach musse ginn."

Den Aarbechtsministère seet op eis Nofro hin, et géing een e Liicht um Enn vum Tunnel gesinn. Den Emploi am Secteur hätt sech dem Statec no stabiliséiert an de Ministère géing d'Lag weider verfollegen. 

Lauschterenplay_arrow

Artikel: Ilana Joseph