search

/ Triple A fir Lëtzebuerg: Ratingsagence Moody‘s rechent mat Wuesstem

Wirtschaft

|
headphones

1 min

Triple A fir Lëtzebuerg: Ratingsagence Moody‘s rechent mat Wuesstem

D‘Ratingsagence Moody‘s huet den Triple A fir Lëtzebuerg confirméiert. Trotzegem onsécheren internationale Kontext géif Lëtzebuerg resistent bleiwen, heescht et an engem Schreiwes vum Finanzministère. D‘Agencerechent dann och mat enger Acceleratioun vum Wirtschaftswuesstem.

headphones

1 min

Finanzministère | © picture alliance / ZB | Sascha Steinach
Finanzministère (Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)

De reelle PIB soll 2027 2,1 Prozent erreechen. D‘Staatsschold kéint liicht klammen, awer mat ronn 28 Prozent vum PIB op engem moderéierten Niveau bleiwen. Och de Budgetsdefizit soll, trotz méi héijen Ausgaben ënnert anerem fir d‘Defense, limitéiert bleiwen, heescht et nach vum Finanzministère.