arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tripartite wier net deck gewiescht: Et wier net iwwer sozial Situatioun rieds gaangen

OGBL/LCGB

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Tripartite wier net deck gewiescht: Et wier net iwwer sozial Situatioun rieds gaangen

Am fréieren Owend gëschter haten d'Gewerkschaften LCGB an OGBL hir Memberen op Dummeldeng invitéiert, fir de Point no der Tripartitesreunioun gëschter mëtteg ze maachen. Den initiale Sujet vun der Versammlung mat ronn 600 Leit war awer de Mindestloun, deen ëm 300 Euro misst erhéicht ginn.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

OGBL an LCGB hätten de Problem vum Mindestloun an der Tripartite ugeschwat, an hir Fuerderung wier kloer, esou d’Nora Back. 

“300 Euro méi maachen d’Wirtschaft net futti. Well déi 300 Euro do, déi ginn direkt, integral, an d’Wirtschaft. Déi ginn ausginn, an de Restauranten, an de Butteker, si fléissen direkt an d’Ekonomie. Kee Betrib geet futti, well e senge Leit muss e korrekte Loun bezuelen."

Et wéilt ee keng Almosen, riicht d'Nora Back sech un den Aarbechtsminister Marc Spautz an déi ganz DP-CSV-Regierung. 

"Mir wëlle korrekt Léin, mat deenen ee kann zu Lëtzebuerg iwwerliewen. Mir brauchen 300 Euro méi um Mindestloun, elo an direkt!"

An der Tripartite, huet d’OGBL-Presidentin bedauert, wier net iwwer d’sozial Situatioun vun de Leit rieds gaangen. De Patrick Dury huet betount, datt fir d’Gewerkschaften d’Sujete Kafkraaft an Ofsécherung vun den Existenzen am Privatsecteur primordial wieren. Donieft wéilt een awer och iwwer d’Wunnen an d’Sécurité sociale diskutéieren.

Standing Ovations op der Reunioun OGBL/LCGB | © Eric Ewald
Standing Ovations op der Reunioun OGBL/LCGB (Foto: Eric Ewald)

Et géif ee sech net virféiere loossen

D’Gesondheetsversuergung wier e Krichsfall, sot den LCGB-President. Hien huet och vun engem Krich vun der Regierung géint d’Gewerkschaften an de Sozialmodell geschwat.

"Déi, déi eis sichen, déi fannen eis", sou de Patrick Dury, dee richteg Verhandlunge wëllt. 

"Dofir soll et dann och fir all Mënsch kloer sinn, datt mir als Unioun OGBL/LCGB zwar ëmmer verhandlungsbereet sinn, mee virféiere loosse mir eis net méi. Mir loossen net zou, datt mat eise Memberen, déi eis ënnerstëtzen, de Geck gemaach gëtt."

Mat Lëtzebuerger Modell hätt dat nämlech näischt méi ze dinn, esou nach den LCGB-President. 

play_arrow Lauschteren