Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Trëntenger Dall: Wéi eng Oplage fir dat neit Naturschutzgebitt?

Naturschutz a Landwirtschaft

Trëntenger Dall: Wéi eng Oplage fir dat neit Naturschutzgebitt?

Et kënnt, wéi et schéngt, Beweegung a Saache geplangten Naturschutzgebitt am Trëntenger Dall. Schonn zanter 2017 ginn et gréisser Diskussioune ronderëm dëse Projet. Gestridde gëtt dorëms, wéi eng Oplagen am Gebitt an Zukunft gëlle sollen. Elo wëllt den Ëmweltministère eng nei Propos maachen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Bauere schwätze vu Reegelen, déi vun uewen erof diktéiert ginn, wärend et dem Ministère ëm ee bessere Schutz vun de Biotope geet. 

D'Trëntenger Dall erstreckt sech iwwer eng Fläch vu ronn 1.700 Hektar mat 6 Gemengen: Bous, Conter, Duelem, Réimech, Stadbriedemes a Waldbriedemes.

D'Leit weider wirtschafte loossen

De Jean-Claude Muller ass President vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin a Bauer zu Conter. Hien huet Lännereien am Trëntenger Dall an ass der Meenung, datt et do kee Schutzgebitt brauch. Hie fäert, datt d'Zukunft vu sengem Betrib duerch méi streng Reegelen a Gefor ass.

“Dee ganzen Trëntenger Dall ass entstanen, well d’Leit esou gewirtschaft hunn, wéi si gewirtschaft hunn. An elo komme vun uewen erof op eemol Uleies, dat muss elo esou an esou gemaach ginn.“

Domat ass hien net averstanen. Et sollt een d'Leit weider esou wirtschafte loossen, fënnt de Jean-Claude Muller.

Méi op Eegeverantwortung setzen

Fir Ëmweltschutz géifen d’Baueren sech och esou schonn asetzen a wieren deemno oppe fir Ënnerstëtzung, betount de Jean-Claude Muller. Hei géif et drëms goen, datt een dat eegeverantwortlech maache wéilt.

Anescht géif een nämlech d'Konsequenze fäerten, wann d'Trëntenger Dall bis eng Naturschutzzon vun nationalem Interessi ass. De Bauer fäert, datt dann ëmmer méi Konditioune kommen, bis datt d'Bewirtschaftung guer net méi méiglech ass.

Ëmweltministère weist sech mat neier Propos méi oppen

Den Ëmweltministère géif d'Angscht vun de Bauerebetriber verstoen, datt eng europäesch Reglementatioun zum Beispill d'Benotze vu Planzeschutzmëttel aschränke kéint. Dat wier awer vum Dësch, an et hätt een och net wëlles, dat an déi national Reglementatioun anzebauen, berouegt de Gilles Biver, Responsabele vun de Ressources Naturelles am Ëmweltministère.

D'Oplage wieren net esou streng, huet et schonn op enger Informatiounsversammlung viru ronn annerhallwem Joer geheescht. Mat där neier Propos géif ee sech oppe weisen.

Verschidde Flächen aus dem Gebitt eraushuelen

Den Ëmweltministère wier bereet, nei Delimitatiounen ze zéien an zum Beispill Wäibau- an Agrarflächen aus dem geplangten Naturschutzgebitt erauszehuelen, erkläert de Gilles Biver.

Deemno wier an Zukunft och weiderhin déi landwirtschaftlech, forstwirtschaftlech a wäibaulech Notzung méiglech. Fir d'Exploitantë géifen nëmme wéineg nei Oplagen dobäikommen.

"Mir wëllen net alles virdiktéieren“

Et géif haaptsächlech ëm de Schutz vun de Blummewisen, Bongerten a Bëscher goen. Déi nei Propos géif deemno der Propos vun de Bauerebetriber ganz no kommen, erkläert de Gilles Biver:

“Mir kommen elo net gäre mat enger Dampwalz a wëllen alles virdiktéieren. Mir wëllen eppes opbaue wat Sënn mécht, wou Dir also regional a responsabel Leit Iech och kënnt domat identifizéieren, dass mir eppes zesummen opbauen.” 

Ee konkrete Rendez-vous fir d'Presentatioun vun där neier Propos géif et nach net ginn, erkläert de Gilles Biver, mee et wéilt ee sech nach am Hierscht bei de Concernéierte mellen. Wéi et duerno weidergeet, géif vun der Reaktioun vun de Baueren ofhänken.

Lauschterenplay_arrow