Radioen

On air

Sot Emol  |  Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner déidlech Accidenter, dofir méi mat Schwéierblesséierten

Verkéier

Manner déidlech Accidenter, dofir méi mat Schwéierblesséierten

Et goufe 24 déidlech Accidenter zejoert. Op 10 Joer gekuckt geet den Trend vun Accidenter bei deene Leit ëm d'Liewe kommen zwar erof. Dofir klëmmt awer d'Unzuel u schwéierblesséierte Leit.

auto_stories

1 min

Zejoert si 26 Persoune wéinst engem Autosaccident ëm d’Liewe komm. Dat geet aus dem Bilan ervir deen den Transportministère haut an engem Communiqué matgedeelt huet.

Am ganze goufen et 24 déidlech Accidenter. Et wiere méi Accidenter am Allgemenge registréiert ginn, mee d’Zuel vun den déidleche Verkéiersonglécker op de Lëtzebuerger Stroossen geet am Verglach mam Joer virdrun ëm 31 Prozent erof. 

Bannent deene leschten 10 Joer ass deen Trend schonn observéiert ginn, mat enger Baisse vun 41 Prozent bei den déidlechen Accidenter.

Wann een zejoert manner Doudeger op de Stroossen hat, da gouf et awer 35 Prozent méi Schwéierblesséierter an eng Hausse vu 14 Prozent u schroen Accidenter. 

Vitess déi heefegst Ursaach

D’Vitess ass déi heefegsten Ursaach vun den Accidenter. Direkt dono ass et net-Anhale vum Code de la route bei de Virfaarten oder beim Verbuet vum Iwwerhuelen. Weider ginn et Verstéiss géint de Code la route vis à vis vun de Foussgänger. Den Alkohol spillt och eng Roll. Bei 8 vun de 24 déidlechen Accidenter war Alkohol involvéiert - bei den Accidenter mat Schwéierblesséierten an 39 Fäll.

Och wann d’Zuele bei den déidlechen Accidenter erofginn, esou bleift nach Villes ze dinn, schreift d’Mobilitéitsministerin déi een Aktiounsplang an Aussiicht gestallt huet. 

Aktualitéit
Mobilitéit