Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reaktiounen op de Stater Mobilitéitsplang: "Wat ech vermëssen, dat ass e klore Message"

Mobilitéit an der Stad

Reaktiounen op de Stater Mobilitéitsplang: "Wat ech vermëssen, dat ass e klore Message"

De Stater Mobilitéitsplang 2035 gouf am Groussen Theater nach emol virgestallt. Dës Kéier a kompletter Form, mee par rapport zu där éischter Presentatioun vun deem Plang am Mäerz gouf et keng nei Detailer. Mee, déi iwwer 200 Leit, déi komm waren, konnte Froe stellen a Commentairë maachen. De Pierre Reyland war nolauschteren.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

Mobilitéit Stad | © Mobilitéit Stad play_arrow

D‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmit hu virun engem gutt gefëllte Sall d‘Leitmotiver vun hirem Mobilitéitsplang widderholl.

Keen Autosverbuet a Sicht

Well d‘Stad weider wiisst, mee den individual Verkéier mam Auto op der Strooss elo scho saturéiert ass, kéint nëmmen eng massiv Verbesserung an en Ausbau vum ëffentlechen Transport der doucer Mobilitéit d‘Stad virum komplette Verkéierskollaps retten. Dofir soll den ëffentlechen Transport bis 2035 an der Stad 51 Prozent vum Verkéier ausmaachen, wärend den individual Verkéier mam Auto - trotz Wuesstem - bei 49 Prozent souzesoe stagnéiere soll.

Alles schéin a gutt, huet e Mann am Publikum gemengt, mee vermësse géif hien an all dem eng kloer Visioun, a kloer Wierder.

"Wat ech vermëssen, dat ass kloer ze soen: 'Léif Leit, an der Stad Lëtzebuerg geet et an Zukunft an déi dote Richtung. Stellt Iech drop an, datt méi fir de Vëlo gemaach gëtt, dat méi fir de Bus gemaach gëtt. An Dir wäert dermat rechne missen, datt den Auto zeréckgedrängt gëtt. Fir deen ass elo 40, 50 Joer alles gemaach ginn, mir mussen dat e bëssen zeréckhuelen.'"

De Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmit huet a senger Äntwert d‘Zil vun 51 Prozent ëffentlechen Transport widderholl.

"Ech weess net, wat Dir nach méi wëllt héieren. Dir wëllt vläicht héieren, datt haut net genuch Vëloen ënnerwee sinn. Jo, dat hunn ech och gesot. Mir wëssen och, dass mir d‘Mobilitéit just an de Grëff kënne kréie mam ëffentlechen Transport. Mee wann Dir gären hätt, datt ech soen, et däerf kee méi mam Auto fueren, dat dauert dann nach laang, well dat soen ech definitiv net."

Bei der Presentatioun vum Mobilitéitsplang war de Sall gutt gefëllt. | © Pierre Reyland
Bei der Presentatioun vum Mobilitéitsplang war de Sall gutt gefëllt. (Foto: Pierre Reyland)

Futtis vel'OHe suerge fir Opreegung

Net formuléiert wier am Mobilitéitsplang och e Klimazil, huet en anere Mann am Publikum bemierkt. Hie géif zwar begréissen, datt d‘Stad Lëtzebuerg elo endlech och hire Mobilitéitsplang huet, mee ...:

"Ils ne parlent pas de climat. On a quand même un problème de climat. Partout. Et dans les autres villes, ils utilisent le plan de mobilité aussi pour devenir 'net zéro'. A Luxembourg ils ne sont pas encore aussi loin."

Eng Fra, déi um Kierchbierg wunnt, huet op e Problem higewisen, dee Si nom gratis Concert vun Toto op Nationalfeierdag um Glacis hat. An zwar, nees heem op de Kierchbierg ze kommen. Si war mat engem vel'OH! vun der Stad op de Glacis komm, mee fir zeréck huet d'Fra kee vel'OH! méi fonnt, deen net futti war.

"Den Tram war maasslos iwwerfëllt. D‘vel'OHen, dat ass e grousst Theema, déi sinn oft futti, schlecht Maintenance. Do ass Vandalismus en Theema. A Busser sinn effektiv guer keng méi gefuer, esou datt ech gréisstendeels ze Fouss hu missen heem goen."

Bei sou groussen Evenementer misst d‘Stad derfir suergen, datt een och nach spéit mam Bus oder Tram heem kënnt.

"Et ass elo versprach ginn, dass dat d‘nächst Joer wäert anescht sinn. Et ass awer net déi éischte Kéier, datt esou grouss Evenementer sinn. Dat heescht, do hätt ee scho méi e grousse Progrès erwaart."

Neit Vëlos- a Foussgänger-Konzept wäert kommen

Besser goe soll et an Zukunft och mat de versprachene Verkéiersberouegungen an de Stater Quartieren, wou vill Duerchgangsverkéier ass. Am Mobilitéitsplang ass dat och prinzipiell virgesinn, a geschwë soll och konkret e Konzept virleien, wat mat externe Partner ausgeschafft gouf, esou de Patrick Goldschmit.

"Ech hunn elo éischt Resultater gekuckt. Mir hate jo gesot, mir géife fir d‘Quartiers-Berouegung fir d‘éischt a 6 Quartiere kucken. Dat ass Belair, Märel, Hollerech, Lampertsbierg, Gare a Bouneweg. Ech hunn elo d‘Hallschent duerchgekuckt, an dat wëll ech elo d‘nächst Woch am Schäfferot virstellen. An da mussen Decisioune geholl ginn."

Geschafft gëtt ënner anerem och un engem Kannerstadplang, an un engem Vëlos-, a Foussgänger-Konzept. D‘Ausschreiwung soll an den nächsten Deeg lancéiert ginn. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit