Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pilotprojeten an de Nordstadgemengen: QR-Code fir Busser an Echtzäit ze suivéieren

Mobilitéit

Pilotprojeten an de Nordstadgemengen: QR-Code fir Busser an Echtzäit ze suivéieren

An den Nordstadgemenge gëtt et vun e Sonndeg u méi liicht, wann een de Bus wëllt huelen. Iwwert e QR-Code op den 150 Busstatioune kann een dann déi nächst Arriveeën an Echtzäit um Handy opruffen, deelt d‘Verwaltung fir den ëffentlechen Transport de Moie mat. 

auto_stories

1 min

Et ass dëst e Pilotprojet, am September soll dann de Bilan gemaach ginn, mam Zil fir am Laf vum nächste Joer alleguerten d‘RGTR-s Bushaltestellen am Land mam System z‘equipéieren.