Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Transfert vun ING-Clientë wäert bis an de September era lafen

Finanzen

Transfert vun ING-Clientë wäert bis an de September era lafen

An der Suite vun der ING hirer Decisioun, d'Bankkonte vu Provatclienten zouzemaachen, huet de Finanzminister Gilles Roth annoncéiert, datt den Transfert vun de Clienten op anerer Banke bis an de September era kéint daueren. Eventuell kéint de Staat enger Bank och imposéieren, engem neie Client ee Kont opzemaachen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

ING | © picture alliance / PRO SHOTS | Mischa Keemink play_arrow
Foto: picture alliance / PRO SHOTS | Mischa Keemink

Et misst eng gutt Léisung fir dës Leit fonnt ginn, an dofir hätt hien e Freiden nach emol e Gespréich mam CEO vun der ING gehat, sot de Finanzminister no där Reunioun. Vun den am Ganzen 90.000 Cliente vun der Bank hei am Land wieren der 30.000 vun där Decisioun betraff an 20.000 informéiert ginn.

Leit ouni Kont: Am schlëmmste Fall misst de Staat agräifen

D’Bank hätt sech bis an de September eran d’Zäit ginn, fir d’Prozedure fir den Transfert vun dëse Clienten op aner Banken ofzeschléissen, sou de Gilles Roth.

“Et ass och sou, dass déi Filiale vun der ING mat zousätzlechem Personal de Moment opgestockt goufen, a mir gëtt och rapportéiert, vun deene Banken, wou dann de Staat Parten dran huet, bis zu deenen, wou en 100 Prozent Proprietär dovun ass, datt do e richtegen Ustuerm ass an datt déi dat proaktiv och am Versteesdemech vun de Lei, organiséieren.”

Sollten um Enn nach Leit keen Accès méi op e Kont hunn, da wier de Legislateur gefuerdert, huet de Minister betount. Vläicht misst een dann, wéi et dat a Frankräich an an der Belsch gëtt, als Staat enger Bank imposéieren, fir e Kont opzemaachen. De Staat kéint där Bank de finanziellen Opwand ausgläichen, mee do wier een nach net, huet de Gilles Roth erkläert.

Vill Banken huelen ING-Clienten op

De Franz Fayot huet an deem Kontext ervirgehuewen, datt d’Konkurrenz vun der ING Reklamm gemaach hätt, fir där hir Clienten ze iwwerhuelen.

“Déi passen elo net méi an der ING hire Modèle d’affaires, wat ee wierklech och muss kritiséieren, mee an den anere Banke ganz wuel. An ech mengen, do ass effektiv eng Partie vun deene Clienten opgeholl ginn.”

Soudatt dee Problem amgaange wier sech opzeléisen, wéi den LSAP-Deputéierten ugedeit huet. Et wier iwwregens och gesot ginn, datt d’ING viru Jore scho 5.000 Konte vu Gesellschaften zougemaach hätt.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Wirtschaft