Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ermëttlunge géint de fréieren BEI-President Werner Hoyer

Korruptiounsverdacht

Ermëttlunge géint de fréieren BEI-President Werner Hoyer

Den europäesche Parquet huet eng Enquête wéinst Korruptioun opgemaach géint zwee fréier Employéeë vun der europäescher Investitiounsbank, dorënner de Werner Hoyer, fréiere President vun der BEI.

auto_stories

1 min

Werner Hoyer | © Flickr / EU2017EE Estonian Presidency
Foto: Flickr / EU2017EE Estonian Presidency

D‘Bank, déi um Kierchbierg ass, sot, si wier d‘Accord fir d‘Immunitéit vun den zwee Ex-Employéen opzehiewen. Dem Werner Hoyer säin Affekot huet d‘Virwërf zeréckgewisen. De fréiere President géif voll mat den Autoritéite kooperéieren. 

An dëser Affär geet et ëm eng Bezuelung un e fréieren Employée vun der Bank bei sengem Depart. De Werner Hoyer hat dat deemools als President autoriséiert.