Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Ëffentlech Schold klëmmt op iwwer 110 Prozent vum PIB

3.160 Milliarden Euro

Frankräich: Ëffentlech Schold klëmmt op iwwer 110 Prozent vum PIB

A Frankräich ass déi ëffentlech Schold am éischten Trimester vum Joer op iwwer 110 Prozent vum PIB geklommen. Et ass eng weider Hausse am Verglach mam leschten Trimester zejoert. An Zuelen ausgedréckt sinn dat elo 3.160 Milliarden Euro.

auto_stories

1 min

Frankräich Wirtschaft | © Bigstock
Foto: Bigstock

D‘Präisdeierecht loung op e Joer gekuckt am Juni awer bei 2,1 Prozent. Dat sinn 0,2 Prozentpunkte manner wéi am Mount virdrun. De schlechten Zoustand vun den ëffentleche Finanze war zentraalt Theema am Walkampf.

Den éischten Tour vun de franséische Parlamentswalen ass elo e Sonndeg.