D’Decisioun war ee Schock fir Trans an Net-binär Persounen a Groussbritannien. Scho fir dëse Weekend goufe Protester am ganze Land geplangt. Sou och zu London, wou sech de Sonndeg um Parliament Square zu Westminster, Leit mat Fändelen a Schëlder getraff hunn.
Ënnert de Leit gouf et vill Onsécherheet, Angscht a Roserei.
"D’Rechter vun Trans Leit a Groussbritannie sin mei a Gefor wei je an et as wichteg dass d’LGBTQ+ Comminiteit an iwwerhapt d’Gesellschaft am Allgemengen seet, dass mir dat net ennerstetzen."
"Et ass schrecklech ze gesinn, datt eis Rechter sou kënnen ewech geholl ginn. An déi Leit déi un der Muecht sinn ginn ëmmer géint déi, déi am am vulnerabelsten an der Gesellschaft sinn a mir gesinn dat lo rëm."
"Wann Trans Leit net toleréiert ginn an eiser Gesellschaft, da geet dat eis all eppes un. Well de Prinzip vu Mënschlechkeet ass, datt mer no jidderengem kucken a jidderee schützen. D’Decisioun war onnéideg an gesetzlech huet et praktesch guer keng Bedeitung, mee gesellschaftlech wäert et risen Auswierkungen hunn, well déi Anti-Trans-Gruppe se benotze wäerte fir Schued unzeriichten."
Transfeindlech Organisatiounen an d'Gläichheetsorganisatioun begréissen d'Urteel
Déi transfeindlech Organisatioun "For Women Scotland" déi de Fall viru Geriicht bruecht hat, sot, d’Decisioun géif fir Kloerheet am Gesetz suergen, an d’Sécherheet vu biologesche Fraen assuréieren.
Och d’brittesch Gläichheets- a Mënscherechtsorganisatioun huet d’Urteel vum ieweschte Geriicht begréisst a gesot, datt si lo en iwwerschaffte Code of Practice verëffentleche wäert. Dee wäert da fir dat brittescht d’Gesondheetssystem, an och zum Beispill op Spidolsstatiounen, Prisongen a Fleegeheemer gëllen.
D’Organisatioun sot awer, datt Trans-Fraen an Trans-Männer elo schonn net méi Toilette oder Emkleedekabinne benotze sollen, déi net hirem biologesche Geschlecht entspriechen. Wéi dat awer duerchgesat soll ginn, ass net gewosst.
D‘Diskussioun geet a Groussbritannien jiddefalls nach weider, a Protester wéi deen zu London wäerten et wuel och nach méi ginn.