Radioen

On air

Notturno  |  Helena Deland - Claudion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TotalEnergies zitt sech aus deelweis aus dem Tankstellegeschäft zeréck

Mobilitéit

TotalEnergies zitt sech aus deelweis aus dem Tankstellegeschäft zeréck

Well vun 2035 u keng nei Autoe mat Verbrennungsmotor an der EU méi zougelooss ginn, zitt TotalEnergies sech aus dem Tankstellegeschäft a verschiddene Länner zeréck. De Verkaf vun den Aktivitéiten an Däitschland an an de Benelux-Länner un déi kanadesch Entreprise “Couche-Tard” gouf d’lescht Woch finaliséiert.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Wéinst de Changementer an der Mobilitéit géifen d’Tankstellen allgemeng vill investéiere fir eng fiabel Infrastruktur fir d’Elektromobilitéit ze schafen, esou op eis Nofro de “Groupement Energies Mobilité Luxembourg”. Schonn haut géifen et iwwer 100 Luedstatiounen op den Tankstelle ginn.

De Verkaf vun Diesel op den Autobunnstankstelle wier vun 2018 bis 2022 ëm quasi 50 Prozent zeréck gaangen.

Dem Groupement no géif de Verkaf vu Sprit a Stroum haut d’Hallschent vum Tankstellen-Ëmsaz ausmaachen.

2022 goufen et hei am Land 232 Tankstellen.

Lauschterenplay_arrow