arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Perturbatiounen am Fluchverkéier an ëffentlechem Transport

Belsch 

|
headphones

1 min

Perturbatiounen am Fluchverkéier an ëffentlechem Transport

Betraff sinn d‘Fluchhäfe Bruxelles-Zaventem a Charleroi, wou d‘Sécherheetspersonal sech un engem nationale Streik bedeelegt. Um Bréisseler Fluchhafe goufen all d‘Departen ofgesot, an d‘Hallschent vun de ronn 260 geplangten Arrivéeë goufen och annuléiert.

headphones

1 min

Eng  Boeing 737 um Flughafen Charleroi  | © picture alliance / CHROMORANGE | www.viennaslide.com
Eng Boeing 737 um Flughafen Charleroi (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | www.viennaslide.com)

Um Fluchhafe Charleroi goufen all d‘Departen an all d‘Arrivéeë fir haut ofgesot, huet de Fluchhafen op sengem Internet-Site matgedeelt. 

Et gëtt och Perturbatiounen am ëffentlechen Transport zu Bréissel. Et géif nëmmen eng Metros-Linne, d'Nummer1, fueren, an och nëmme wéineg Trammen a Busser, esou RTBF. 

D‘Manif an d‘Streiker goufe vun de Gewerkschaften organiséiert fir géint d‘Politik vun der belscher Regierungskoalitioun ze protestéieren. D‘Gewerkschafte kritiséieren ënner anerem eng geplangt Reforme vun der Sonndesaarbecht an den zäitlech limitéierte Chômage Allocatiounen.