Eng Majoritéit vun den EU-Verkéiersministeren huet sech gëschter um Donneschdeg zu Lëtzebuerg fir dës Ännerung ausgeschwat. Den Ament kann een eng Entschiedegung kréien, wann ee Fluch 3 Stonne Verspéidung huet. D’Entschiedegung variéiert tëschent 250 a 600 Euro, jee nodeems wéi wäit de Vol ass.
Transportministère schwätzt vun engem "signifikative Fortschrëtt"
De Kompromëss, deen d‘EU-Länner mat qualifizéierter Majoritéit ugeholl hunn, gesäit elo vir: Eréischt no 4 Stonne Retard hätt ee Recht op eng Entschiedegung, a bei méi laange Flich, eréischt no 6 Stonnen.
Verschidden EU Länner – dorënner Däitschland – waren dogéint. Lëtzebuerg huet fir d’Reform gestëmmt, an där et net nëmmen ëm d’Entschiedegunge geet.
Et wier e "signifikative Fortschrëtt" fir de Schutz vun de Konsumenten, mat deem “richtegen Equiliber” tëschent Passagéierrechter an de Fluchgesellschaften, esou de Lëtzebuerger Transportministère engem Communiqué.
Europäesche Konsumenten-Zenter ass enttäuscht
Ganz anescht gesäit dat den Direkter vum europäesche Konsumenten-Zenter, den Thomas Segrétain.
"Tout n'est pas forcément négatif, bien sûr, mais on est très déçu."
Beim Reseau vun den europäesche Konsumenten-Zenteren, zum deem och Norwegen an Island gehéieren, wier ee sech eens: Déi proposéiert nei Reegele géifen de Passagéier hir Rechter schwächen, a ganz vill vun hinne géife riskéieren, an Zukunft kéng Entschiedegung méi ze kréien.
"La plupart des retards se trouvent entre 2h heures et 4 heures. Donc, on estime au niveau du ICCinet qu'environ 85 pourcent des passagers n'auront plus droit a une compensation."
Méi Verspéidungen?
Eng weider méiglech negativ Konsequenz wier, datt et zu méi Verspéidunge bei Flich kéint kommen.
"Clairement si les obligations sont moindres pour les compagnies, on peut craindre que les compagnies aient moins de scrupules à arriver à l'heure."
Hie géing hoffen, datt d‘EU-Parlament, dat den Text guttheesche muss, Upassunge fuerdert, esou nach den Direkter vum europäesche Konsumenten-Zenter.
Am Europaparlament hunn d‘Sozialisten a Demokrate scho reagéiert: An engem Pressecommuniqué soen och si, déi aktuell Propos vum Conseil géif de Passagéier hir Rechter schwächen, zu Gonschte vun de Fluggesellschaften.