Dem tierkesche Verdeedegungsministère no, wier dobäi eng héich Zuel vun Terroristen neutraliséiert ginn. D‘Attacken hätten déi kurdesch Aarbechterpartei PKK an aner terroristesch Gruppe viséiert. Gëschter hat ee Mann sech virum tierkeschen Inneministère zu Ankara an d‘Luucht gesprengt. En zweeten Täter gouf vun der Police erschoss. D‘Noriichtenagence ANF, déi der PKK nosteet, sot gëschter Owend, déi kurdesch Aarbechterpartei hätt d‘Attentat revendiquéiert.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Tierkei attackéiert Ziler am Nord-Irak
No Attentat an der Tierkei
Tierkei attackéiert Ziler am Nord-Irak
Nom Bommenattentat gëschter zu Ankara hunn tierkesch Militärfligeren Ziler am Norde vum Irak aus der Loft bombardéiert.
auto_stories
1 min